Kontrolléiert Ootmen ka verschidden Effekter op eis hunn. Mir kënnen eis domadder berouegen a besser konzentréieren, mee d'Yogien soen eis, et kéint een och besser domadder waakreg ginn. Falls Dir grad also och net aus de Fiedere kommt, hëlleft de Jeff Rossler Iech elo.

04/07/2022 Mat engem Nueslach ootmen, fir waakreg ze ginn (Internet)

Yoga besteet net nëmmen dorausser, wéi ee säi Kierper hale soll, d'Ootmung ass och en zentralen Deel dovunner. D'Wiesselootmung soll dobäi eng Übung sinn, déi engem hëlleft méi calme ze sinn, mee och d'Middegkeet verdreiwe soll. Do gëtt een Nueslach zougehalen, et otemt een an, da wiesselt een d'Nueslach an otemt aus. Bei der klassescher Methode, mam Numm Nadi Shodhana, hält een tëschenduerch och kuerz d'Loft un. Dës Übung signaliséiert dem Kierper, dass dréngend béid Nueslächer gebraucht ginn, fir dass d'Energie besser duerch de ganze Kierper fléisse kann. Dat heescht, dass d'Übung net nëmmen hëlleft waakreg ze ginn, mee se hëlleft och bei engem zouenen Nueslach.

Et wier awer dann natierlech kee Yoga, wann ee säi Kierper net och nach speziell hale misst. Bei der enger Hand mussen Mëttel- an Zeigefanger no ënne geklappt ginn, esou dass den Daumen, Rankfanger a klenge Fanger no uewe weisen. Dat heescht Vishnu Mudra. Den Zeige- a Mëttelfanger leet Dir dann tëschent är Aperhoer a mat dem Daum an dem Rankfanger kënnt Dir är Nueslächer ofwiesselend zouhalen. Mee net ze staark! Just esou douce, dass d'Loft grad esou net duerchkënnt. Déi aner Hand bleift labber op ärer ieweschter Cuisse leien. Dann otemt ee lues a kontrolléiert an. Sollt Dir net wësse, wéi déif, da gëtt et en Tipp: Ufänger sollte beim ootme lues bis 4 zielen. D'Experten kënnen och roueg méi laang ootmen. Wann dir ausotemt sollt Dir dobäi de Nuebel eranzéien.

Ufänger gëtt geroden bei der Übung 3 mol lénks an- a riets auszeootmen, an dann ëmzedréinen. No e puer Woche kënnt Dir nach eng Eenheet méi maachen. Dës Übung ass net nëmme gutt fir waakreg ze ginn, mee soll och eng gutt Virbereedung sinn, wann ee grad meditéiere wëll, fir sech vun onnéidege Gedanken ze befreien.

Wosst Dir dann och, dass mir an er Reegel net duerch béid Nueslächer gläichzäiteg ootmen? Dat gouf fir d'éischt Kéier 1895 festgestallt an "Nuesenzyklus" genannt. Duerch d'Wiesselootmung kréie mir duerno dann extra vill Loft mat.