All Mënsch huet emol e schlechten Dag, wou et net sou geet wéi ee wëll a no baussen anescht wierkt wéi normal. A wat bei de Mënschen de Fall ass kann och bei den Hausdéieren virkommen. d'RTL Déierendoktesch Romi Roth stellt eis haut e Fall vir, wou et ëm eng Kanéngchen geet, déi schéin queesch ass.

Wéi d´Lilly endlech an d´Praxis koum, war déi butzeg Kanéngchen schonn zanter Méint vu queescher Roserei net méi auszehidden. De Mini-Bock Néckel, hire kastréierten Käfegkolleeg, huet si an der tëscht gefaart wéi Fixfeier a sech net méi a seng Géigend gewot. An nodeems d´Lilly fir d´éischt den aarme Néckel, dunn seng Tattchen a schliisslech och nach en Déierendokter am Noutdéngscht ferm gebass hat, hat jiddereen es esou lues genuch mat där hysterescher Zippchen.

30-06-2022 Déierentipp Romi Roth - rose Kanéngchen - Feststellung

D´Kanéngercher hu jo net fir näischt e „Rongeurs-Gebëss“, si wäerten domat gutt pëtze kënnen wa se wëllen?

Lues a lues ass et méi gedam an dunn esouguer apathesch ginn. Et wollt net méi friessen an et war bluddegen Eeter ronderëm säin Auspuff . Seng Meeschtesch konnt et dunn endlech an eng Transportkëscht fir an d´Consultatioun paken. Do war op enger Röntgen a mat Ultraschall séier gewosst, wou dem Déierchen säi Problem war:  e Kyst, grouss wéi eng Clementine souz op engem Eeërstack an d´Matrice war déck vereetert. D´Zippchen huet eenzock misse schlofe geluecht ginn fir déi krank Gebuertsorganer ganz erausgeholl ze kréien, soss wier se un enger septescher Bauchfellentzündung gestuerwen. No e puer Deeg Päppelen an Antibioticken, Medikamenter géint de Wéi an fir d'Verdauung ass se nees douce wéi e Lämmchen Heem geschéckt ginn.

30-06-2022 Déierentipp Romi Roth - rose Kanéngchen - Ursaach