Dësen 30. Juni 2022 kritt de Pierre Dillenburg 80 Joer. Hien huet jorelaang an der Chamber geschafft an huet sech do duerch säin Dekor do veréiwegt, ma en huet awer nach vill aner Passiounen. De Pierre Dillenburg reest gär, weess wat sech passt, an huet am Laf vun der Zäit vill interessant Perséinlechkeeten kennegeléiert. Ma bei him gouf et an der lescht och scho vill ze feieren, Nationalfeierdag, e Patt bei der groussherzoglecher Koppel, do kënnt een dach bal net aus dem Feieren eraus, oder?

30/06/2022 Happy Birthday Pierre Dillenburg

Pierre Dillenburg: Am Moment net, mee d'Feieren huele leider och of. Déi sinn och eng Kéier fäerdeg an da sëtzt een herno do an et hat een all de Stress an déi Preparatioun virdrun do, all déi Gratulatiounen, dat hält schonn zanter 06:40 net op, mee duerno ass et wéi eng kal Dusch. Da realiséiert ee wierklech eréischt, wéi al ee wierklech ginn ass.

Bei sou engem Netzwierk vu Leit, kann een och dat eent oder anert bekannt Gesiicht um Gebuertsdag erwaarden.
Pierre Dillenburg: Do si mol ganz vill gutt Frënn an dorënner sinn och eng Partie Promien. Et sinn der souguer aus dem Ausland déi kommen, mee och e bësse vum Adel, wat jo zu mir als "Royalty Expert" passt, wéi een ëmmer esou seet. Natierlech sinn der och aus der Regierung do, ech soen awer keng Nimm, an e puer Ambassadeuren. Meng Frënn komme vu London, vu Stockholm, vu Berlin asw.

D'Pandemie huet hien genotzt fir sech un e puer vu senge Frënn ze erënneren an dorausser e Buch zesummenzestellen. "Rencontres" stéisst vill Dieren op, mä ass awer keng Autobiografie.
Pierre Dillenburg: Et ass jo ëmmer esou eng Saach, wann een aus dem Nähkästchen plaudert, datt ee lénks a riets bëssen ustéisst. Mee se waren alleguer ganz begeeschtert. D'Grande-Duchesse hunn ech virgëschter jo gesinn, si kënnt jo och am Buch vir an ech hat hir d'Buch matgeholl an den Text iwwert si och gewisen, a si huet mir och ganz vill Komplimenter gemaach. Dofir sinn ech frou an hoffen, datt et och gutt gelies gëtt.