"Die Maschine steht still" heescht eng Theaterproduktioun vum Théâtre National, deen net an engem Sall mee um fréieren Industriegebitt vun Arcelor-Mittal zu Schëffleng ze gesinn ass. Duerch Corona hunn d'Première an déi éischt Virstellunge musse verluecht ginn. Elo soll awer vu Mëtt der Woch u gespillt ginn. Den Text vum E.M. Foster vun 1909 huet eng erschréckend Aktualitéit a weist eng Gesellschaft, déi just nach iwwer Knäppercher a Bildschiermer kommunikéiert.

04/07/2022 Theater: "Die Maschine steht still"

D'Plaze si reduzéiert an et kuckt een am Stoen no.
Wéini d'Virstellunge dann elo genee sinn, gëtt op dem Internetsite vum Theatre National publizéiert.