D'Paräisser Banlieue. D'Biller, déi een am Kapp huet, wann een déi zwee Wierder héiert, sinn den éischten Ablack net déi Flottsten. D'Situatioun an der Peripherie vun der franséischer Haaptstad ass dacks eng héich opgelueden, mee et ass eben net ëmmer esou. Dat ass op alle Fall de Constat, deen d'Realisatrice Alice Diop an hirem Documentaire "Nous" mécht. Den Tom Dockal huet dee Film dës als Véiereckeg Aen Streamingfilmtipp ausgesicht.

01/07/22 Véiereckeg Aen NOUS 10h45

Deen à priori, dee mir am Kapp géigeniwwer der Paräisser Banlieue hunn, ass net just een, dee vun de Biller aus den Noriichte gefiddert gëtt, mee et ass och een, deen de Kino iwwert d'Joerzéngte mat opgebaut huet. Ganz emblematesch bleift do La Haine. Mee déi leschte Joren sinn et Filmer ginn, déi versicht hunn, ebe grad dat änneren ze wëllen. Gagarine vum Fanny Liatard an dem Jérémy Trouilh ass dofir e gutt Beispill. Mee dat sinn - entre guillemets - Fiktiounsfilmer.

D'Alice Diop ass Dokumentaristin. Huet sech iwwert d'Joren op d'Liewen an der Banlieue, wann een esou wëll, spezialiséiert. Tout ceux qui m'aiment prendront le train heescht e Film vum Patrice Chéreau. Fir d'Alice Diop ass et änlech, mee de point de vue ass een aneren. Tout ceux que j'aime prennent le train. D'Diop mécht e Portrait vun der Paräisser Agglomeratioun laanscht den Tracet vun der Zuchlinn RER B, déi iwwert d'Längt vu bal 80km de Süden an den Norde mat der Haaptstad verbënnt. Wann een de sozio-geographesche Kontext kuerz ausklammert - d'Alice Diop mécht e Portrait vu Mënschen.

RTL

© Totem Films

An hirem subtilen a gläichzäiteg immens kaleidoskopeschen Documentaire Nous  d'Realisatrice Leit virun d'Kamera, déi soss net virun eng Kamera gestallt ginn. Wéi sech géint der Schluss am Generique erausstellt, war sinn inspiréiert vum Auteur François Maspero sengem Buch Les passagers du Roissy Express, deen och scho vergiesse Mënschen a Communautéiten an de Mëttelpunkt gestallt huet. Am Fall vun Nous, Mënschen a Kommunautéiten an den Alldag am Schiet vu Paräiss a wäit eweg vun den Nouvellen. Et trëfft een Autosmécanoen aus dem Mali, Leit, déi den Dout vum Louis XVI wärend enger Mass commemoréieren, Jonker, déi op engem waarmen Dag Edith Piaf lauschteren.

RTL

© Totem Films

Mee Nous ass net just nous - mir aus der Banlieue - mee och mir, eis Famill. D'Alice Diop huet senegalesesch Originnen a mécht sech Gedanken iwwert hir Elteren a wéi wéineg vun hinnen iwwereg bliwwen ass. Just e puer Minutten op aalen Homevideoe mat den éischte MiniDV Kameraen. Nous ass eng ganz douce Aarbecht, déi sech just op den éischten Ablack distanzéiert an dréche gëtt. Well Nous strotzt nëmme just esou vun Empathie fir seng Sujete virun der Kamera a mécht och keen Heel doraus, de Mënsch hannert der Kamera mat ze implizéieren. E Film deen op seng modest Aart a Weis géint e Bild ukämpft, mat sengen eegene Biller a virun allem géint d'Vergiessen. À voir.