Eng vun de revolutionären Erfindungen an den 80er war de Walkman vun der Firma Sony. Op eemol konnt ee seng Musek iwwerall mathuelen. En absolutte Kulturgéigestand feiert haut Gebuertsdag. 

02/07/2022 Op Den Dag

Den 2. Juli vum Joer 1979 kënnt e japaneschen Hiersteller mat engem ganz neien Apparat dohier. Eng 4-eckeg Këscht an déi e ka Kassetten dra maachen. Séier krut de Walkman Kultstatus. Bis an d'Joer 2004 goufen eleng vu Sony méi wéi 335 Milliounen Apparater verkaf.

Ma d'Evolutioun vun der Technik huet séier dofir gesuergt, dass de Walkman duerch den Discman sollt ofgeléist ginn, an dat esoulaang bis Apple mam Ipod koum. Séier ass de Walkman an deem ënneschten Tirang verschwonnen.

Ma firwat koum en Apparat wéi de Walkman iwwerhaapt op de Marché? E Mataarbechter vu Sony hat d'Iddi. Dëse wollt op de laange Flich ëmmer seng Musek dobäi hunn. Ma et hat ee Problemer mat der Entwécklung. Batterien hunn net duergehalen an d'Musekspiller waren eng Zill.

Et gouf awer schonn e Virgänger vum Walkman. De Pressman, eng Maschinn déi an der Haaptsaach fir d'Journaliste geduecht war. Och dësen hat keng laang Liewensdauer.

Vun Ufank un stoung de Walkman schonn op der Kipp. Duerch Produite wéi Betamax-Tapes hat Sony e grousse Verloscht agefuer, well de Produit sech net verkaf huet. D'Konkurrenz duerch Videokassette war ze grouss. De Walkman sollt, a gouf zur leschter Rettung fir d'Entreprise.  Ma och dat goung net vun haut op muer. Ufanks goufe just 3000 Stéck verkaf an dat bei engem zimmlech gënschtege Präis.

 

Et koum eng nei Marketing-Strategie an d'Spill. De Sound gouf verbessert an de Walkman gouf als Erliefnes duergestallt. Eng ongewéinlech Moossnam déi och nach funktionéieren sollt.

Bis Enn de 90er hat Sony schonn 80 verschidde Modeller um Marché. Haut sinn der ewell schonn 100. Et goufen der souguer, déi mat Solarenergie funktionéiert hunn.

Am Joer 2010 gouf d'Produktioun dunn agestallt bis et am Joer 2014 e Comeback gouf. Am Film Guardians Of The Galaxy kritt den Haaptacteur e Walkman mat engem Mix-Tape drop, op deem seng Kandheet op der Äerd a Lidder duergestallt gëtt. Wéi de Film an d'Kinoe koum, sinn d'Präisser vun de Walkman direkt geklommen. Och gebrauchten Apparater si méi deier ginn.

Zum Schluss gëtt et dann och nach de Walkman-Effekt. Eppes wat am Zäitalter vun MP3-Spiller scho bemierkenswäert ass. De Professer Shuhei Hosokawa behaapt, dass de Walkman dofir verantwortlech ass, dass d'Leit sech net méi op hier Ëmwelt konzentréieren ma just nach op de respektive Beräich.