Vum 26. bis den 30. November ass et dëst Joer nees de Rendezvous mat der EXPOGAST.

D’Welt vun de Käch an der Kulinarik trieden a verschiddene Kategorien am Concours fir de Culinary World Cup géinteneen un.
Mam Luxembourg Culinary Catering Team sinn eis Faarwen och vertrueden. Do gëtt elo scho fläisseg trainéiert, an de Christian Schmit war d’Ekipp besichen.

04/07/2022 Luxembourg Culinary Catering Team Training (MAT USO)

An dat bei engem dach méi ongewéinleche Rendezvous.

Mir ware nämlech zu Baschelt am Centre Culturel mat dobäi wou si dem Kim Kevin De Dood, eisem Chefkach am Lëtzebuerger Pavillon zu Dubai, säi Menü fir d’Hochzäit mat senger Madamm Sheilla hunn dierfen zoubereeden.

Wéi koum et dozou?

(Cut 1…)

An och wann natierlech d’Infrastruktur net de Potenzial hat wéi an der Hotelschoul, esou gouf et awer Grënn genuch fir deen Challenge unzehuelen?

(Cut 2…)

Luxembourg Culinary Catering Team wäert am Kader vun der EXPOGAST 2022, Dënschdes de 29. November an d’Kompetitioun goen. 15 Ekippen sinn an där Kategorie vum Community Catering ugemellt.

Hei heescht et da fir 120 Leit e Menü, a Form vun engem Buffet, op den Dësch ze kréien, dee mëttes am Restaurant des Nations zerwéiert gëtt.

Sou gesinn war et fir den Hochzäitsmenü méi relax, an awer war et schonn e realitéitsnoen Training, esou de Jean Claude Brill Team Manager vun der Ekipp?

(Cut 3…)

Wat huet da misste preparéiert ginn?

(Cut 4…)

D’Motivatioun ass do, an eng Medaile op der EXPOGAST 2022 hei um Kierchbierg erhofft e sech schonn.

RTL
RTL

Dowéinst stinn elo nach eng Partie där Trainingen um Programm. Déi Kéier dann awer an der Dikrecher Hotelschoul, awer och fir d’Stëmm vun der Strooss an eng Soirée fir de Projet Wonsch Kutsch.

Mir drécken elo schonn Daumen a freeën eis op d‘EXPOGAST 2022 an de Culinary World Cup am November an der LUXEXPO hei um Kierchbierg.