Et ass ni ze spéit fir sech gutt Virsätz ze huelen, a se dann och direkt ëmzesetzen. Dat kann een den 1ten Januar maachen, awer firwat net och wann d'Joer an der Hallschecht ukomm ass, an d'Wieder dobaussen net sou kal a fiicht ass fir zum Beispill Sport ze maachen. Den Dokter Marc Keipes, Direkter aus dem ZithaGesondheetszenter op der Gare gëtt awer dobäi e puer Saachen ze bedenken.

Mir mussen eisem Kierper eigentlech och ëmmer eng Regeneratiounsphase ginn. Wa mir eppes Aussergewéinleches maachen, also trainéieren, Muskelen déi mer net gewinnt sinn ze beweegen, dann ass deen Muskel 24 bis 36 Stonnen duerno, manner gutt preparéiert fir dee selwechten Effort ze leeschten. A wann mir direkt duerno, also 24 Stonnen méi spéit dee nächsten Trainingsimpuls setzen, geet et nach erëm weider erof an dat kann een de "surentraînement" op franséisch nennen.

02-07-2022 Gesondheetstipp Dr Marc Keipes - richteg trainéieren léieren

Manner ass méi, zemol um Ufank soll een et net iwwerdreiwen an duerfir gëtt et och gutt Grënn.

Wa mer dee Muskel, oder déi Muskelgrupp oder Faseren bëssen roueg loossen, dann ass se bemol no 36 Stonnen e bëssen méi prett fir deen Effort ze maachen, an et geet engem méi liicht vun der Hand. Dat heescht, net nëmmen wëll drop lass trainéieren ass gutt, et verbraucht een wuel Kalorien mä et gëtt een ëmmer méi midd, an et kritt een ëmmer manner Progrès ze gesinn, an da kritt een schliisslech d'Flemm och erëm an et hält een iergendwann ganz op. Also roueg trainéieren. 60% vun de Leit maachen dat och ongeféier richteg, 39% musse mer stimuléieren an 1% vun de Leit musse mer bremsen.

02-07-2022 Gesondheetstipp Dr Marc Keipes - richteg trainéieren mat Pausen