Dat ass den Nationalfeierdag an den USA

04/07/2022 Op den Dag

Feierdag haut an den USA. Do gëtt den Independence Day, den Onofhängegkeetsdag gefeiert.

De Fourth of July ass den Nationalfeierdag vun den USA an erënnert un d'Ratifizéierung vun der Onofhängegkeetserklärung vun de Vereente  Staate vum Kontinentalkongress de 4. Juli 1776. Déi 13 brittesch Kolonien hunn domadder hir Ofkopplung vu Groussbritannien proklaméiert an hiert Recht en eegene souveräne Staatebond ze bilden. D'Schreiwes gouf zum gréisste Deel vum Thomas Jefferson verfaasst, ee vun den Pappe vun den USA an deen tëscht 1801 an 1809 den 3. amerikanesche President gouf.
Dëst Ratifizéieren gëtt zanterhier dann och all Joers vill gefeiert, zum Beispill 1778 gouf et op dem Dag eng duebel Ratioun Rum fir d'Zaldoten, 1791 gouf eng éischte Kéier vum Numm Independence Day geschwat. Zanter 1970 gëtt och de Peachtree Road Race organiséiert.
Haut gëtt dësen Dag mat Picknick an patriotesche Paraden gefeiert, mat Concerten, Freedefeier an dem Opzéie vum amerikanesche Fändel.

Dëse Patriotismus fënnt een och enger Rëtsch Filmer, déi ëm dëse 4. Juli dréinen, erëm, wéi an de Science Fiction Filmer Independence Day, wou d'USA um amerikaneschen Onofhängegkeetsdag vun Ausserierdeschen ugegraff ginn. Ervirhiewe kann een och de Vietnamkrichsfilm 'Born on the 4 of july', dee vum Liewe vum Ron Kovic handelt, deen de 4. Juli gebuer gouf a vu sengem fräiwëllegen Déngscht geläämt aus dem Vietnam heem kënnt an zanterhier an der Anti-Krichsbewegung an den USA aktiv ass.