Nach bis e Sonndeg gëtt zu Wimbledon Tennis um hellege Wuess vum All England Club gespillt. En Turnéier mat vill Traditiounen

05/07/2022 Traditiounen zu Wimbledon

Ugefaang mam Iessen.

D'Traditioun, dass zu Wimbledon Äerdbiere mat Schlagsan zerwéiert ginn, gëtt et zanter 1893. Et gëtt zwar keng offiziell Erklärung firwat grad Äerdbieren, et gëtt awer spekuléiert dass dat domadder ze dinn huet, well d'Turnéier an der Zäit vun der brittescher Äerdbierssaison ass, déi am Juni a Juli hiren Héichpunkt huet. Et war deemools och an der Moud Äerdbieren am Nomëtten beim Téi z'iessen.

Eng aner Theorie vun den Historiker ass, dass dës Kombinatioun vun de Kinneken giess gouf a sech bis haut gehalen huet.

Bei engem Turnéier ginn hautdesdaags 10.000 Liter Ram an 28 Tonnen Äerdbieren giess. Dat geet duer fir eng ronn 190.000 Portiounen. De Präis fir eng Portioun vu mindestens 10 Äerdbieren mat Klappschmant läit bei knapp 3 Euro.

RTL

© afp

Bei kengem aneren Turnéier ginn et dann och sou streng moudesch Reegelen wéi zu Wimbledon. Mindestens 90 Prozent vun de Kleeder déi d'Spiller unhunn musse wäiss sinn. Dat gouf esou decidéiert, fir dass ee keng Schweessflecke gesäit. De Roger Federer gouf souguer 2013 opgefuerdert seng Schong ze wiesselen well seng Suelen ze faarweg wieren.

RTL

© afp

Och d'Royal Box um Centre Court ass legendär. An hir sëtzt déi kinneklech Famill. Bis 2003 waren d'Spiller opgefuerdert sech do virdrun ze vernäipen. Mëttlerweil gëtt op dës Traditioun awer verzicht. Ausser d'Queen ass op Besuch, da gehéiert dat sech nach.

RTL

© afp

Zu Wimbledon gehéiert och dee sougenannten "Last 8 Club". An deem fënnt een eng 650 aktiv a fréier Profien déi zu dësem elitäre Club gehéieren. D'Memberen dierfe fir de Rescht vun hirem Liewen den Turnéier besichen a kréien dann och wéi sech dat fir d'Britten sou passt gratis Kaffie an Téi zerwéiert. Duerfir muss een a senger Karriär scho mol mindestens an der Véierelsfinalle gestan hunn am Eenzel.

Fir iwwerhaapt kënnen beim Turnéier als Zuschauer derbäi ze hunn muss een drop hoffen, dass een ee vun den Tickete kritt déi am Virfeld verloust ginn. Oder et schléift een op der Plaz virun der Keess fir sech da kënnen an d'Schlaang ze stellen. Déi ass esou bekannt, dass se "The Queue" genannt gëtt.