Wat dierf et da sinn? Eng Glace oder e Cocktail? Dat proposéiere mer Iech de ganze Summer iwwer mëttwochs kuerz virum Mëtteg.

An do ass et de Raphael Betti dee fir eis d'Cocktailer mixt. De Raphael schafft an enger Bar hei am Land a vertrëtt am September och Lëtzebuerg an d'Belsch bei der Weltmeeschterschaft am Cocktail Mixen zu Sydney.

20/07/2022 Cocktail OLD CUBAN

"Mojito ass out! Probeiert den Old Cuban. Einfach all Zutaten vum Mojito an de Shaker geheien an dono mat Crémant toppen. Am beschten ee bronge Rum huelen, dee gëtt deem Ganzen méi Charakter a schéngt och duerch den Cremant duerch."

All Zutaten ausser dem Crémant mat Äis en engem Shaker mëschen a shaken. Dat ganzt duerch e Sift an ee Coupette-Glas schëdden a mam Crémant opfëllen. Als Deko ee Peffermënz-Blat dropleeën an ouni Äis servéieren.

RTL

© Paname

Eriwwer da bei d'Glacen. Do ass et de Kachausbilder Carlo Sauber dee fir eis déi Glacen präparéiert.

20/07/2022 Glace GRANITE AU GENEPI

Granité au Génépi
1/4 l eau
120 g sucre
1 dl Génépi (liqueur de plantes)

-    porter à ébullition le sucre et l'eau
-    laisser refroidir au moins 12 heures
-    ajouter le Génépi
-    turbiner

RTL