Et gëtt esou vill Lëtzebuergesch geschriwwe wéi nach ni. Den Interessi ass do. Elo kënnt Dir är Kenntnisser am Lëtzebuergeschen och testen, wéi staark Dir da wierklech doranner sidd. De LUCET (Luxembourg Centre for Educational Testing), den INL (Institut national des langues) an den ZLS (Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch) sinn amgaangen en Test ze finaliséieren a sichen elo nach Testpersoune fir dësen Test matzemaachen. Fir orthografesch Froe beim ZLS ass den Helmuth Sperl zoustänneg an seet eis ëm wat et geet.

12/07/2022 Gesicht fir Lëtzebuergeschen Test

Mir hu scho bei verschiddenen Institutiounen a Schoulen Tester gemaach, mä elo geet et drëms Leit anzelueden an den ZLS, jiddereen, dee wëll, deen Interessi huet un der Schreifsproch,ka gäre bei eis laanscht kommen. Do muss een elo kee Cours oder soss gemaach hunn, et geet duer, datt een Interessi huet an den Test wëll matmaachen. Et sinn déi original Froen, déi och duerno wäerten am Test sinn. Do kann een awer leider nach kee Resultat ginn, well et ass jo ëmdréint; d'Leit testen eisen Test.

Bis Enn Mount kann een den Test mat Multiple Choice testen, en ass anonym an et wier ee wierklech frou, wa vill verschidde Profiller derbäi kéinte sinn. Wat erwaart kann ee sech beim Test erwaarden?
Dat ganzt Reegelwierk gëtt di ofgedeckt. Dat si Vokalreegelen, wéi och getrennt/zesumme Schreiwung, dat sinn einfach an och méi schwéier Reegelen.

Vum 18. Juli kann een do mattesten bis Enn Juli, sech einfach beim LOD mellen.
Fir Ufank 2023 gëtt gerechent, datt dësen Test da kéint asazbereet sinn beim INL. Mat dësem Test kann een da säi Lëtzebuergesch zertifiéiere loossen, well ëmmer am private Beräich wéi och am Professionelle méi geschriwwe gëtt.
Dofir ass et ebe flott, wann een do en Tool huet, fir vu vireran erauszefannen, wéi gesäit et aus mat der Kompetenz an der Lëtzebuerger Schreiwsprooch. Et kann deemno esou sinn, datt dëst och beim Staat kann agesat ginn. Déi Leit, déi bei de Staat schaffe ginn, kënnen dësen Test maachen. Awer och all déi, déi am Privatsekteur schaffen a wou den Employeur wësse wëll, wéi gesäit et dann aus mat deem Kandidat?

Kuckt op den Internetsite vum LOD a mellt Iech u fir de Lëtzebuerger Test ze testen.