
© https://jonk-entrepreneuren.lu/fr/
Jonk Mënschen, déi keng bezuelbar Wunneng fannen. Eeler Mënschen, déi sech eleng fillen. Fir béides ze attackéieren, hunn den Ivo Silva an d’Clémentine Offner de Projet «WeConnect» gegrënnt, dee jonk Leit op Wunnengssich mat eelere Leit op der Sich no sozialem Kontakt verbanne soll. Mat dësem Projet hunn déi zwee Studente souguer de «Young Enterprise Project » Concours gewonnen an däerfen zesumme mat de Gewënner vun der Finall vun de Mini-Entreprisen 2022 op Tallin reesen, fir do un der «JA Europe Start Up of the Year» Competitioun vum GEN-E Festival deelzehuelen.
Op d’Iddi zu WeConnect sinn den Ivo an d’Clémentine wärend dem «Euroskills» Concours zu Graz komm. Hei krute si d’Aufgab, e Businessplang ze developpéieren, deen d’Fro uschneide soll wéi déi jonk Generatioun der eelerer Generatioun hëllefe kéint an ëmgekéiert. Séier war fir déi zwee kloer, wat fir béid Generatiounen de jeeweils gréisste Probleem wier a wéi een dës matenee verbanne kéint.
«Do si mer mat der Iddi komm vu WeConnect, wou ee Student ka bei eng eeler Persoun wunne goe fir en abordabele Präis. En contre-partie huet déi Persoun eng Routine, se kritt ee klengt Akommes an zesumme kann ee vun dem anere léieren. Dat heescht mir probéiere Generatioune mateneen ze connectéieren»
Domat wier deenen 2 Säite gehollef: De Student kritt eng bezuelbar Wunneng, de Senior fillt sech net méi eleng an huet deeglech Gesellschaft. Fir dass dat awer klappt, ginn et e puer Saachen, déi am viraus musse gekläert ginn.
«Ons Zil ass et, The Perfect Match ze maachen, dat heescht, dass dat och op laang Dauer ka klappen an net nëmme fir 2 Méint. Dat soll jo eng flott Aventure si fir béid Säiten. Wann ee sech da bei eis mellt, da muss een och als éischt mol eng lettre de motivation schreiwen. Mir mussen e bëssen erausfannen iwwert déi jeeweileg Persoun, iwwert seng Hobbyen a wéi e villäicht denkt, fir dass mer de perfekte Partner fannen vun der anerer Generatioun. Fir dass et fir déi zwee einfach eng super Experienz gëtt»
Nach ass de Service vu WeConnect net disponibel. Aktuell sinn den Ivo an d’Clémentine nämlech am Gaang hiert Netzwierk opzebauen an no potenzielle Partner ze sichen. Fir 2023 wëlle si awer mat allem prett sinn. Hir Rees an déi estlännesch Haaptstad Tallin vum 12. – 15. Juli am Kader vum europäesche «Start-Up of the Year”-Concours, eegent sech heibäi als perfekt Geleeënheet, fir och international op sech opmierksam ze maachen.
«De Problem, dee mer hei a Lëtzebuerg hunn, dee gëtt et net nëmmen hei. Dat mat Isolatioun ass iwwert d’ganz Welt an d’Immobiliëpräisser steigen och op der ganzer Welt. Dohannen hu mer eng grouss Opportunitéit, Leit aus sou ville verschiddene Géigende kennen ze léieren a Leit op eise Projet opmierksam ze maachen. Dat ass eis dat Wichtegst an dat ass déi grouss Opportunitéit déi mir gesi wa mir lo op Tallin fueren»
Ausserdeem befanne sech WeConnect am Moment zesumme mat 5 weidere Lëtzebuergesche Jonk-Entreprisen an der internationaler Course ëm de Public Choice Award an hu gutt Chancen, fir dësen ze gewannen. Wien den Ivo an d’Clémentine oder och een anere Lëtzebuerger Start-Up ënnerstëtze wëll, dee kann um Site vum GEN-E Festival eng Stëmm fir si ofginn.
Kuckt op