Wann een nach doheem lieft, an awer op Hëllef ugewisen ass, oder vun enger Persoun versuergt gëtt, déi och mol ee Moment fir sech brauch, dann ass ee Foyer de Jour eng ideal Léisung.

18-08-2022 Gutt a Form - Foyer de Jour

Déi Dagesbetreiung gëtt vu Méindes bis Freides assuréiert, an et geet drëm, enger Persoun et mat flotten Aktivitéiten méiglech ze maachen, esou laang ewéi et nëmme geet, bei sech doheem kënnen ze wunnen, beschreift d'Cindy Almeida, Educatrice a Responsabel vun engem Foyer de Jour de Programm.

"Mir passen eis Aktivitéiten ëmmer de Clienten un, déi deen Ament am Foyer sinn. Et geet vun A bis Z. Mir maache ganz vill Ausflich, organiséieren intern an extern Fester, ginn op d'Marie-Astrid. Et ginn awer och déi alldeeglech Aktivitéiten, ganz vill Beweegung, vill Gediechtnistraining, mä och vill Spiller ewéi "Mensch ärgere dich nicht" oder mat der Kaart spillen. Et geet ëmmer ëm dat, wat d'Persoun selwer wëll."

Esou ee Foyer de Jour riicht sech u fleegebedürfteg Leit "déi eben eng Hëllef, Begleedung oder Ënnerstëtzung brauchen. Mä och Leit déi schonn eng kleng Form vun Demenz hunn, kënnen och an de Foyer kommen. Ee grousst Zil vum Foyer ass et och, fir den Aidant, den Angehörigen, ze entlaaschten. Et ass keng einfach Saach wann een als Aidant permanent do ass, fir där Persoun ze hëllefen. Dofir si mir do, fir den Aidant ze entlaaschten. Dee huet dann Zäit fir sech, ka seng Rendez-vouse maachen, bei de Coiffeur oder an d'Apdikt oder akafe goen, ouni sech misste vill Suergen ze maachen. Well wärend de Client bei eis am Foyer de Jour ass, ass en a Sécherheet, an den Aidant fillt sech doduerch méi sécher fir aus dem Haus ze goen"

Mä och wann een nach net op Fleeg ugewisen ass, kann een an de Foyer de Jour goen, well een Zil och ass, d'Isolatioun ze briechen. Am Programm gi vill Aktivitéiten ugebueden, mä och Moolzechten iwwert den Dag si virgesinn, an et gëtt och Zäit fir ze raschten. An och medezinesch Fleeg oder d'Méiglechkeet fir geduscht ze ginn, wann ee keng adaptéiert Geleeënheet doheem huet ass ginn. Wie sech fir esou ee Foyer de Jour interesséiert soll vum Gratis-Schnupperdag profitéieren:

"Dofir kann ee sech einfach op help.lu mellen, an ee ganzen Dag do verbréngen an esou een Abléck an d'Aktivitéiten, Sortien an Ausflich a wat soss nach alles gemaach gëtt ze kréien. An och den Aidant ass wëllkomm fir Kontakt opzehuelen an ee Rendez-vous auszemaachen fir seng Fleegebedürfteg Persoun.

Als Client an engem Foyer de Jour bezilt een e klengen Deel fir den Encadrement, den Transport an d'Iessen, mä ee groussen Deel vun de Fraisen gëtt vun der Fleegeversécherung iwwerholl.