Déi schéinsten Zäit vum Joer ass do, d'Vakanz. Allerdéngs heefe sech d'Biller vun Problemer op den internationalen Flughäfen wou ee Schlaangen vu Mënschen gesäit déi drop waarden anzechecken. A net jiddereen huet d'Chance mat Zäit fort ze kommen oder säin Uschloss ze erreechen. Wat steet mir an deem Fall zou?

13/07/2022 Fro den Affekot: Entschiedegung bei Retard oder Annulatioun vum Vol?

Ass et well et Overbooking ass, dat kann och am Zuch virkommen, ass et well e Fluch annuléiert ass, oder well et e Retard important huet, beim Fliger a Bus sinn et 2 Stonnen, beim Zuch sinn et nëmme 60 Minutten. A wann déi Hypothesen antrieden, dann huet ee verschidde Rechter. Am Prinzip ass et esou: d'Bus wéi d'Fligergesellschaft mussen Iech virum Vol oder virum Depart soen, dat an dat sinn är Rechter.

An déi kann een da geltend maachen. Beispill:
Wann ech dohinner kommen an ech hu reservéiert an et ass overbookt, da kann ech entweder soen, ech huelen den nächste Fliger an da kréien ech e Gedrénks fir näischt oder soss Verschiddenes. Oder ech soen, ech ginn net mat an da kréien ech de Billet erëm an ech kréie eng Indemnitéit. Dat kann och beim Bus oder Zuch virkommen. Dat ass jo da flott, dat sinn europäesch Reglementer an dat funktionéiert gutt.

Wéi leeën ech mech dann un?
Also de Prinzip ass, ech muss mech bei der Compagnie melle wou ech reservéiert hunn, ech kann do net bei den Noper goen. Déi mussen och e Service Traitement Reklamatioun hunn. Dat ass dat éischt an dat zweet ass dës sinn och meeschtens reaktiv. Mä wann awer elo vill där Plainte kommen, da spillen se mat der Zäit an do muss een da wierklech insistéieren. A wann näischt geschitt, dann hu mir nach de Ministère de la protection des consommateurs, déi hunn do e spezielle Guichet wou een sech ka mellen an da geet et duerno virun.

An dann alles halen

Onbedéngt, wann een extra Ausgaben hat, da muss een se beleeë kënnen. Do ginn et dann déi extra Schlauer, déi dann derbäi erfannen. Dofir all Rechnung hale fir alles ze beweisen.

De ganzen Interview fannt Dir op radio.rtl.lu an op RTL Play ginn et nach aner Froe a Sujeten, zu deene de Maître Schonckert Informatioune liwwert.