Vun haut bis de 7. August verwandelt sech den Thillebierg zu Déifferdeng an e klengt Kënschtlerduerf um sougenannten Nomadic Island, dëst am Kader vun Esch2022. Wat et do Spezielles ze kucke gëtt, dat huet d'Nicky Soisson nogefrot.

20072022 Summeragenda MOIES Nomadic Island

Fir richteg ze sinn, huet "Nomadic Island" well e Méindeg ugefaangen, ma déi offiziell Ouverture mat enger Opening Party an engem Patt vun der Gemeng ass awer réischt haut  ab 16 Auer. Wat hannert dësem Projet stécht, weess d'Nëckel Scholtus, fräischaffend Kënschtlerin a Kuratorin vum Nomadic Island:

"Nomadic Island ass eng Kënschtlerresidenz wou mir am Fong 11 Kënschtler invitéiert hunn, queesch duerch d'Welt an déi kommen op den Thillebierg zu Déifferdeng. Wärend 3 Woche wunne mer dann do zesummen, maache sou e Camp a mir schaffen dann zesummen a kreéiere Konschtwierker a mir hunn och Konferenzen. De Weekend kann ee kucke kommen a mat de Kënschtler zesummen iwwert d'Konschtwierker schwätzen. Mir hunn och nach Workshoppen a Lunch discussions."

D'Kënschtlerresidenz ass awer net ëmmer fir de Grand Public op:

"Den 20. ass op fir d'Opening Party an da sinn d'Konferenzen ëmmer Freides, do ass op, an de Weekend ass op fir d'Visiteuren. An der Woch schaffe mer an do kommen och Jonker déi de Kënschtler hëllefen. Erwuessener musse sech awer umellen. A wann een do interesséiert ass, da muss een op eise Site goen a sech do enregistréieren."

Kënschtler aus deene verschiddenste Länner wunnen a schaffen deemno wärend 3 Wochen hei zesumme mat Leit vun hei déi Loscht hunn d'Experienz ze erliewen an den Artisten eng Hand unzepaken.

"Et ass eng Kënschtlerin aus Lëtzebuerg an déi aner 10 sinn aus Spuenien, Frankräich, England, Däitschland an Italien."

Am Mëttelpunkt steet hei d'Thema Nohaltegkeet respektiv alternativ Weeër fir ze liewen an ze schaffen. An dat soll sech och de Kënschtler hirer Schlofméiglechkeet sur Place erëm spigelen an Deel vun hirem artistesche Konzept sinn. Deemno sinn d'Schlofméiglechkeeten hei ganz individuell a kënne vun engem einfachen Zelt bis zu enger selwer gebauten Hütt goen.

D'Visiteuren erwaart hei e bëssi vun allem. Vun Toun bis hin zu Installatiounen a Performancen. Ma et ass och e Kënschtler dobäi deen e Film mécht. Et dierf deemno flott gi fir mol Weekends bis dohinner luussen ze goen.

Op

kann ee sech iwwregens de ganze Programm mat Konferenzen a Workshoppen eroflueden.