Wousst dir dass deen éischte Fliger hei zu Lëtzebuerg net um Findel mee zu Mondorf gelant ass? Dach, an dowéinst gëtt et dann och de Fligermusée zu Munneref. De Christian Schmit war bis dohi kucken, an huet sech d’Exponate weise gelooss.

30/07/2022 Fligermusée zu Munneref (MAT USO)

Jo an dat vum Nathalie Hippert, zoustänneg fir de City Marketing bei der Mondorfer Gemeng.

De Pavillon wou de Fliger Musée ënnerdaach ass, dee kenne mir alleguer ?

RTL

Dat Gebai wou mir hei sinn ass 1958 gebaut gi fir d'Weltausstellung zu Bréissel. Ass du nees zeréck komm an de Mondorfer Park wou e bis d'Joer 2000 Therme Waasser aus der Quell heihinner drénke kommen.

Viru genee 10 Joer, 2012, krut dee Pavillon e neien Inhalt, eben d’Pionéierzäit vun der Fligerei zu Lëtzebuerg an d’Evolutioun an all sengen Epochen ze weisen.

RTL

Mee zeréck zum Ursprong. Tatsächlech goufen et déi éischt Start a Landungen zu Munneref?

Absolut. Deen éischte Fliger zu Lëtzebuerg ass zu Mondorf gelant a gestart. Dat war 1910 bei der éischter Fluchwoch. Dat ass och de Grond firwat de Fliger Musée hei zu Mondorf ass.

Ganz vill Visiteuren aus dem In an Ausland haten sech op d’Rees gemaach fir dat deemools mat ze erliewen.

Den Otto Lilienthal steet jo als Pionéier vun der Fligerei an de Geschichtsbicher, abbé zu Munneref gouf et och esou e Personnage?

RTL

Dat Ganzt gouf am Fong organiséiert a finanzéiert vun engem räichen Industriellen, de Charel Bettendorf. Deen dat Ganzt op Bee gesat hat, a sech och e Pilot gesicht huet de Jacques Wiesenbach mat sengem Bruder Vincent Wiesenbach déi fir hie sollte fléien. Do ware ganz renomméiert Piloten déi op di Fluchwoch koumen.

Ganz Hangare sinn deemools opgeriicht gi fir di Fluch Objeten ënnerdaach ze stellen.

Alles ze gesinn am Lëtzebuerger Fliger Musée?

Et ass d'Fligermusée asbl déi dat ganzt hei inzenéiert huet an zesumme gedroen huet. Dat ass e Räichtum u Saachen déi hei stinn. Ugefaange mat der Pionéierzäit 1910 bis haut wou op engem Panneau wou d'Geschicht an d'evolutioun erkläert gëtt. Vum Ufank bis zu kommerzieller Aktivitéit haut.

Awer och vill aner Fliger Deeler kann e gesinn, déi vun der ALMPA, der Association Luxembourgeoise pour le maintien du Patrimoine Aeronautique zesummegedroe goufen. Den absolutte Star ass awer eng Klemm aus de 1930er Joren?

Prunkstéck hei aus dem Musée, deen hänkt och hei um éischte Stak. Deen ass ganz renovéiert ginn. D'Klemm ass e Fliger dee 1934 gebaut ginn ass, a weltwäit ginn et der grad nach 15 Stéck. Also schonn exzeptionell dass mir deen hei kënnen ausstellen.

Dokumentar Filmer ginn et fir de Visiteur, an et kann e sech Plaz huelen op ale Fliger Setzer, genee wéi d’Kabinn Royale, Nathalie Hippert?

Dat sinn d'Sëtzer déi dann och ëmmer extra agebaut goufen wann di groussherzoglech Famill geflunn ass.

Interessant och d’Evolutioun vun den Tenue fir Stewardessen, net nëmme bei eiser nationaler Fluggesellschaft Luxair.

Awer net nëmmen di motoriséiert Fligerei huet eng Plaz am Pavillon fonnt?

De "Feierwon" ass ausgestallt hei, dat ass di éischt Mongolfière déi hei zu Lëtzebuerg geflunn ass, an och d'Segel Fligerei huet hir Plaz.

A fir Zukunft plangt een zesumme mam zoustännege Ministère un engem méi interaktiven an edukative Musée fir Grouss a Kleng.

RTL
RTL

Eng Visitt am Musée de l’Aviation Luxembourg zu Mondorf am Park ass iwwregens gratis. Vu Mëttwochs bis Sonndes ass e vun 2 bis 6 ass een Häerzlech wëllkomm.

Fotoe gesi mir elo gläich op www.rtl.lu.