VIA MOSEL“ kréie mir an de nächste Minutte presentéiert. Et geet em Wäin an Architektur. An domat och di éischt grenziwwerschreidend wäintouristesch Offer an Europa. Wäin an Architektur. De Christian Schmit huet sech de Projet « VIA Mosel » weisen an erkläre gelooss.

06/08/2022 Wäin an Architektur (MAT USO)

A sinn dofir déi Säit an dës Säit der Musel ënnerwee gewiescht. Op där Musel Road Show mat dobäi eis Guide d’Lia Backendorf, Coordinatrice vum Projet Via Mosel.

Eis Statioune ware Perl an Däitschland, Sierck les Bains bei eise franséische Noperen, an Elleng Gare hei am Land.

„Via Mosel“ vereent di dräi Musel Natiounen. Frankräich, Däitschland a Lëtzebuerg a virun de Cruen réckelt hei d’Architektur an de Mëttelpunkt.

Wir haben hier zwei Punkte. Zum einen die Architektur die mit Wein oder durch Wein beinflusst ist, und zum anderen natürlich auch die touristische Erlebarkeit. Wir haben da eine Jury aus Touristiker, Weinbauexperten und Architekten zusammen gesetzt wurde. Aus Bewerbungen und Vorschlägen unserer Partner werden diese Aspekte bewertet, und entsprechend Objekte und Weinorte und Weingüter aussucht. Wir sind mittlerweile bei 62 Weingütern aus allen 3 Ländern und 36 Weinorten. 

Zu Perl ware mir am Weingut Herber op Besuch. De Mathias Herber freet sech mat hirem Domaine dozou ze gehéieren?

RTL

Unser Haus wurde 1930 erbaut, damals als Pferde Wechsel Station und Herberge auf der Postkutschenlinie Trier /  Metz. Auch grenzüberschreitend, und ist mittlerweile seit über 100 Jahren in Familienbesitz und seitdem wird auch hier Wein hergestellt.

D’Via Mosel Route reit di Bijouen vum Museldall ouni Grenze wéi eng Pärelsketten uneneen. An och ganz Uertschafte kenne mat hirer touristescher Qualitéit a remarkaabler Architektur de Predikat kréien. Beispill: Sierck les Bains net wäit hanner Schengen.

RTL
RTL
RTL
RTL

''On a un beu château qui trône sur la commune avec vue sur la Moselle. On a entre autre le beau terroir des vignes en face, or on est bien placé pour ce côté là.''

D‘Mme Buergermeeschter Helen Hammond, ass ganz houfreg op VIA MOSEL, genee wéi d’Schlassfrënn déi mat ville Bénévolen zu der Attraktivitéit bäidroen.

RTL

'Très intéressant à visiter. Cela date du 11e siècle au départ et a été modifié entretemps. Le château est un joyau parce que si on entre dans notre commune on y voit tout de suite le château qui fêtera le 21 août sa fête médiévale.

An och wann et zu Sierck am Ablack kee Wënzer méi gëtt, an der Gemeng zu Contz les Bains ass dat awer nach de Fall.''

RTL

Zeréck am Grand-Duché maache mir Statioun zu Elleng. Jo och den Domaine Krier Welbes gouf och vun der Fach Jury zeréckbehalen.

RTL

RTL

Mir hunn 2014 eis Wäistuff gebaut mat engem Lëtzebuerger Architekt deen zu Innsbruck studéiert huet. Et ass e Raum mat ganz vill Luucht, mir hu vill Glas, Holz Beton an déi Kombinatioun ass genial gelong.''

D’ganzt Joer duerch kann e sech d’Via Mosel Siten, Wäin an Architektur ukucken. Ob als Dagesausfluch, e ganze Weekend oder eng Woch ënnerwee. Mat Bus, Zuch, Auto oder Vëlo, dat ass ganz eleng iech iwwerlooss. Wëllkomm sidd dir op alle Fall. An d’Famill "VIA MOSEL" gëtt deemnächst nach méi grouss?

Das Projekt wird immer grösser und beliebter. Es werden bestimmt noch mehr, weil ich weiss von dem einen oder anderen Projekt was demnächst fertig gestellt wird, und die auch schon die Absicht bekundet haben dabei zu sein.''

Mëttlerweil ass Via Mosel e selbststännegen Tourismus Programm dee vun de Wënzer Betriber déi mat maachen, de Wënzer Dierfer an de regionale Partner gedroe gëtt. Kuckt op