Eng Salle d'attente kann een och nach mat engem Maart vergläichen, wou allméiglech Leit zesummekommen, déi déi selwecht Iddi hunn, an duerno nees déi Plaz um séiersten Wee verloossen. An all Salle d'attenten funktionéieren nom selwechte Prinzip, egal op an enger Gare oder bei engem Déierendokter. D'Romi Roth huet Tagebuch gefouert, a verréit eis wat an engem Moment do alles lass war.

An der Salle d´attente war Rämmidämmi. Den Ricky, en alen Dackel, wéinst sengem Réck ferm granzeg, huet an engem Stéck gebillt. Mat gellegem Mipperchersgefieps huet de butzege Chihuahua Hugo, deen eng Stonn ze fréi op sengem Rendez-vous war, agelaut. Dat alles wärend deem mir an der Consultatioun am Gaang waren um Kueder Rudi, sengen Oueren ze schaffen. Esou lues ass deen dunn och queesch ginn, wat seng Meeschtesch nervös gemaach huet, wouwéinst hire Kueder nach méi rabellesch ginn ass.

19-07-2022 Déierentipp - Romi Roth - an der Salle d'attente - Duercherneen

Dat ass déi Saach mat de "Spiggelneuronen". An do gëtt souguer den Dokter nervös well en weess wat dann alles geschéie kann.

Hei war elo och d´Lola mat sengem Meeschter an der Receptioun ukomm. Fir e "Vermifuge" géint dem Hushpuppy-Muppelchen seng Wierm sichen ze kommen. Well dat Klengt de Collier just labber u sengem Hals mat Falen sëtzen hat, konnt hatt sech eenzock draus eraus druddelen an ass du riicht bei de Ricky gewatschelt. Esou séier, dass keen et konnt komme gesinn hat, huet deen ale Granzert an ee vum Lola senge risege Läffelen gepëtzt an en mat sengem spatzen Eckzant bis un de Bord gespléckt. No vill Fléckgebitz ass um Lola sengem Ouereläffel just nach eng diskret Läinzeechen ze gesinn. Mam Calmant, dee mir dem Ricky senge Leit extra fir esou Geleeënheete matginn haten, wier dee Misär net geschitt. Mä dem Lola säin Collier sëtzt awer elo och vill méi just.

19-07-2022 Déierentipp - Romi Roth - an der Salle d'attente - Wierm