Net all Mënsch hëlt bei deenen héijen Temperaturen of well en net vill erofkritt. Et ginn der och, déi bäihuelen. An dat sinn, enger rezenter Etüd no, d'Männer.

20/07/2022 Kann d'Sonn déck maachen?

Wéi onfair awer och ëmmer: Männer huele normalerweis méi séier of ewéi Fraen a se kënnen am Dag och méi Kalorien zou sech huelen, ouni dass de Bauch méi déck gëtt. Ma och si komme net esou einfach dovun. Eppes ganz Einfaches kann hinnen ze schafe maachen. Et ass d'Liicht vun der Sonn, duerch dat d'Hären méi Appetit kréien. D'Sonnestralen reegen d'Produktioun vum Honger-Hormon Ghrelin an der Haut un. Bei de Fraen kënnt et allerdéngs net zu dësem Phänomen.

RTL

© Pixabay

Tëscht Mäerz a September hunn d'Männer, déi un enger Etüd iwwer 3 Joer deelgeholl hunn, iwwer 300 Kalorien den Dag méi giess ewéi an de méi kale Méint am Joer. An engem aneren Experiment, bei deem se Blutt geholl kruten, koum esouguer eraus, dass d'Wäerter vum Honger-Hormon scho no nëmmen enger hallwer Stonn an d'Luucht gaange sinn. Wëssenschaftler vun Tel Aviv hunn domadder bewisen, dass d'UV-Stralen och en Afloss op eise Stoffwiessel hunn.

RTL

© Pixabay

An engem aneren Experiment mat Mais, koum et zu deem selwechte Resultat- och do hunn déi männlech Mais méi giess, bei deene weiblechen oder deenen, déi der Sonn net ausgesat waren, koum et net zum Effekt. Zellexperimenter hu gewisen firwat net méi Ghrelin bei de Fraen ausgeschott gëtt, abee dat läit un engem aneren Hormon, dem Östrotrogeen. Dee verhënnert dass de Kierper d'Signal kritt, fir den Honger Hormon auszeschëdden.

Dat erkläert och firwat Männer beim Grillen gären a gutt zouschloen, a net verstinn firwat d'Fraen just eng Zalot iessen.