Et gëtt iwwerdriwwe waarm haut, an dofir soll een onbedéngt drun denken, genuch ze drénken. Mä wéi vill ass genuch? Wat geschitt wann een net genuch drénkt? Wat ass am Fong dat bescht Gedrénks fir d’Canicullen z’iwwerstoen a wouvunner soll een am beschte seng Fangere loossen? Alles dat huet eis de Gesondheetsexpert an Ernärungsberoder Sven Majerus verroden.

08/07/2022 Wéi vill soll ee bei waarmen Temperaturen drénken?

Dass een all Dag genuch Waasser drénke soll, ass eng gëlle Reegel, net just u waarmen Deeg. Ëmmerhin ass Waasser en Haaptbestanddeel vun eisem Kierper an erleedegt och eng Rei un immens wichtegen Aufgaben, wéi den Transport vun Närstoffer. Och enthält Waasser déi sougenannt Elektrolytten, déi wichteg fir de Stoffwiessel an nach weider Kierperfunktioune sinn. Mä virun allem u waarmen Deeg iwwerhëlt Waasser eng immens wichteg Roll.

«Eng ganz wichteg Roll, zemools elo wann d’Temperatur an d’Luet geet, dat ass déi vun der Thermo-Régulatioun. Dat bedeit eigentlech, dass de Kierper iwwer d’Waasser seng Kierpertemperatur reegelt. De Kierper ass jo bekanntlech bei 37 Grad konstant a fir dat kënnen ze halen, spillt Waasser do eng wichteg Roll. Lo zum Beispill wann et waarm gëtt, huet de Kierper ee ganz gudde Mechanismus, fir seng Temperatur konstant ze halen an zwar iwwert de Schweess. Dat heescht mir schweesse Waasser raus an doduerch eeben och Hëtzt, sou dass de Kierper ka seng Temperatur konstant op 37 Grad halen»

Wat geschitt wann am Kierper net genuch Flëssegkeet, also Waasser zirkuléiert?

«Geet duerch iergendee Grond de Verbrauch zum Beispill an d’Luet, zum Beispill mir schweesse méi an et ass dobausse gutt waarm, da verléiert de Kierper méi Flëssegkeet wéi en ophëlt an da schwätze mir vun enger De-Hydratatioun, dat heescht de Kierper entwässert sech. De Kierper kann zum Beispill Gëftstoffer net méi richteg lassginn, awer och kann en d’Organer net méi uerdentlech mat Waasser an Närstoffer versuergen»

Virun allem d'Gehier kann ënnert Waassermangel immens leiden. Dëst kann ee schonn dorunner erkennen, wann ee Kappwéi kritt oder engem dronke gëtt. An deem Fall, sou de Gesondheetsexpert, kann e Glas Waasser schonn hëllefen. A méi uerge Fäll kann et awer och zu engem Hëtzschlag oder souguer engem Kollaps vum Kreeslaf kommen. Dëst, wann de Kierper sech iwwerhëtzt.
Mä fir dat z'evitéieren, wéi vill soll een da lo schlussendlech drénken, nach emol de Sven Majerus?

«Mol e generelle Conseil: Et soll jiddereen kucken, seng 1,5 – 2 Liter den Dag souwisou ze drénken. Et gëtt geroden, dass een +1 Liter soll u waarmen Deeg drénken, natierlech mat de Consignen, dass ee sech net ze laang an der Hëtzt soll exposéieren soulaang et geet. Mä sou 3 Liter missten an dem Sënn dann och duergoen»

De beschte Gedrénks-Choix bei dësem Wieder ass natierlech Waasser, wat ee sech jee no Wonsch mat engem Stéck Uebst verséisse kann. Vu Limonaden oder Alkohol sollt een am beschte d’Fangere loossen. Immens wichteg ass och wéi een d’Quantitéite verdeelt: Wien ze vill op eng Kéier drénkt, dee riskéiert eng Waasservergëftung. Dowéinst gëllt: Iwwert den Dag verdeelt drénken!

An och bei den Hausdéieren ass et net egal wéi vill se drénken. Hënn kënnen och eng Waasservergëftung kréien, wa si ze vill beieneen drénken. Do gëllt d'Fauschtreegel, datt een Hond net méi ewéi een Drëttel vu sengem Gewiicht drénke soll.