Verschidde Leit kënnen einfach net genuch vun der Sonn kréien. Mee esouguer fir dee gréisste Sonnenubieder gëtt et kriddeleg, wann en ee Sonnestach oder Hëtzschlag kritt. De Marc Hoscheid huet beim Dr. Nico Haas nogefrot, wat den Ënnerscheed tëscht deenen zwee Phenomener ass, wat een am Eeschtfall maache soll a wéi een sech präventiv schütze kann.

20/07/2022 Sonnestach oder Hëtzschlag? (Internet)

Och wann dee virleefeg wäermsten Dag vum Joer erlaanscht ass, dierft et an dësem Summer nach méi wéi eng Kéier virkommen, datt een an d'Schweesse kënnt. Dobäi ass d'Ofsënnere vu Schweess een Zeechen, datt et dem Kierper ze waarm ass an e probéiert sech ofzekillen. Am Normalfall läit d'Kierpertemperatur tëscht 36,5 a 37 Grad. Wann een sech ze laang héijen Temperaturen aussetzt, besteet d'Gefor vu Krämpercher, engem Sonnestach oder schlëmmstefalls esouguer engem Hëtzschlag. Bei engem Sonnestach iwwerhëtzen de Kapp an d'Nuque, wouduerch d'Hirhaut ugegraff an am Kierper Reaktiounen wéi bei enger Entzündung ausgeléist ginn. Bei engem Hëtzschlag iwwerhëtzt dee ganze Kierper an d'Temperatur klëmmt iwwer 40 Grad. D'Symptomer bei engem Hëtzschlag sinn deels änlech wéi bei engem Sonnestach, ginn awer nach doriwwer eraus, wéi de Generaliste Dr. Nico Haas erkläert.

Dr. Nico Haas: "De Bols geet an d'Luucht, d'Ootmung geet méi schnell, et fillt ee sech dronkeg, schlapp, et huet ee Kappwéi an et fillt een Iwwelzegkeet. Et spiert een sech sou wéi wann ee Féiwer huet, dann ass et engem och net gutt. Hei kënnt dann oft nach eng Ausdréchnung derbäi, d'Haut ass knallrout an dréchen well d'Schilddrüsen net méi funktionéieren."

An extreme Fäll kann et zu engem Kollaps, engem Koma an esouguer zum Dout kommen. Wärend et bei engem Sonnestach normalerweis duer geet, sech an ee kalen Eck ze leen, vill ze drénken a sech kal Kompressen ze maachen, soll een am Fall vun engem Hëtzschlag direkt bei den Dokter goen. Fir eng Iwwerhëtzung vum Kierper ze verhënneren, ginn et e puer einfach Tipps, déi et anzehalen gëllt.

Dr. Nico Haas: "Mir gesi ganz kloer, datt d'Preventioun extrem wichteg ass. Et soll een sech net an déi prall Sonn leeën an een Hutt undoen, am beschten een hellen, well deen d'Sonn besser ofweist."

Dernieft soll ee sech net ze déck undoen, genuch drénken an net ze defteg iessen. Besonnesch oppasse solle Persoune mat Virerkrankungen, beispillsweis um Häerz, kleng Kanner an eeler Leit. Wärend ee Sonnestach an deene meeschte Fäll dorop zeréckzeféieren ass, datt engem d'Sonn ze laang op de Kapp respektiv an d'Nuque geschéngt huet, ass et beim Hëtzschlag virun allem kierperlech Ustrengung bei héijen Temperaturen. Duerch héich Loftfiichtegkeet geet de Risk een Hëtzschlag ze kréien an d'Luucht, dowéinst sollt een och an der Sauna op Unzeechen oppassen.