Kazen hunn hiren eegne Kapp, a maachen dat wat si fir richteg halen. Se leien gemittlech op enger Plaz a ginn nëmme seelen op d'Strumm. Wann dann nach eppes net stëmmt an d'Déier krank ass mécht ee sech huerteg seng Gedanken an do kann an de meeschten Fäll just en Déierendokter hëllefen, Romi Roth.

D´Tiffany hat déi drëtt uerg Cystite, dat ass eng Blosenentzündung, an dësem Joer! Wéi déi aner Kéieren ass déi schéin schwaarz Kaz och elo ganz oft an d´Kazentoilette gewiescht an huet do laang geschäert, gejéimert a probéiert Pippi ze maachen. Mais dono war an der Litière wann iwwerhaapt eppes, da just Kaffisläffelcher grouss bluddeg Flëssegkeet ze fannen.

28-07-2022 Déierentipp - Romi Roth - Cystite - Feststellung

Dat muss jo och bei enger Kaz immens wéi doen?

Dowéinst ass d´Tiffany séier symptomatesch, dat heescht op seng Péng, d'Entzündung a Krämp behandelt ginn. Vun do un, koum och e bal normale Pippi, dee mat enger extraer Stree agesammelt konnt ginn, fir ze analyséieren. Un der däischtergieler Faarf an der bal schläimeger Konsistenz war ze erkennen, dass säin Urin immens konzentréiert war. En Test-Tigette huet och gewisen, dass et eng fatzeg Blosenentzündung hat. Mais weder an der Praxis nach an engem auslännesche Labo konnte Keimer fonnt ginn. An op de Röntgen a mat der Echographie waren och keng Steng oder Wucherungen ze fannen. Nodeems op déi Manéier all aner Ursaach eliminéiert war, stoung fest, dass d´Tiffany eng FIC, "Felin Idiopathesch Cystite" hat. Dat virun allem wéinst  Stress duerch aner Kazen, mat deenen hatt wéinst enger Krankheet vu sengem Meeschter versuergt gouf. Zanter dass et nees eleng a sengem doheem vun enger Nopesch versuergt gëtt ass seng Cystite wéi fort geblosen.

28-07-2022 Déierentipp - Romi Roth - Cystite - Behandlung