Nach bis Enn August organiséiert Natur & Ëmwelt mat senge Partner d'Campagne "En Dag an der Natur", fir de Leit d'Méiglechkeet ze ginn d'Landschaft heiheem, d'Déieren an d'Planzewelt op eng ganz spannend a lieweg Manéier besser kennenzeléieren an se esou och ze schützen. D'Michèle Schons pléckt iech all Woch e puer spannend Saachen aus dem Programm eraus.

08/08/2022 En Dag an der Natur vum 08-14 August

DËNSCHDEG 9. AUGUST

De Luxembourg City Tourist Office invitéiert iech dësen Dënschdeg op en Tour duerch d'Stad, fir d'Biodiversitéit am urbane Liewensraum, sou wéi och d'Welt vun de Beien an aneren Insekten, déi wichteg fir eng gesond Ëmwelt sinn, besser kennenzeléieren an ze verstoen. RdV fir de Beieparcours ass um 5 Auer op der Place Guillaume.

Organisation: Stadt Luxemburg (www.vdl.lu)
Kontakt: Nicole Isaac, 47 96 47 73, environnement@vdl.lu

Hudd der Loscht Wolz mat der Fakel z'entdecken? Um Dënschdeg Owend invitéiert den Tourist Info Wolz e flotten Tour duerch Wolz. De RdV ass um 9 Auer am Schlasshaff.
Kontakt: Valerie Fautsch, 95 74 44, info@touristinfowiltz.lu

MËTTWOCH 10, AUGUST

Dëse Mëttwoch hutt der d'Geleeënheet fir d'Wandrieder an de Waasserbehälter (SOLER/SES) besichen ze goen. Erkläert ginn hei d'Funktioun an och d'Genehmegungsprozeduren esou wéi d'Kompensatiounsmesure vun engem Wandpark. Umelle musst der iech bis den 9. August
Organisation: SOLER & SES (www.ses-eau.lu)
Kontakt: 39 91 96 1, info@ses-eau.lu

RTL

© pixabay

DONNESCHDEG 11. AUGUST

Hatha Yoga setzt sech zesummen aus Kierperübungen, Ootmen, Entspanung, positivem Denken a Meditatioun. Méi Liewensfreed, Kraaft, Stabilitéit kënnt der en Donneschdeg beim Yoga an der Natur sammelen, de RdV ass um hallwer 7 Owes beim Naturschutzzentrum a Wiewesch zu Manternach.

Organisation: A Wiewesch (www.emwelt.lu)
Kontakt: Mirjam Johann, 24 75 65 03, awiewesch@anf.etat.lu

SAMSCHDEG 13. AUGUST

Dëse Samschdeg sicht d'Natur&Ëmwelt Sektioun Leideleng verschidde Wisekraider fir se an der aler Traditioun vum Krautwësch ze bannen. Méi iwwert dës Traditioun gitt der vum 10 Auer un zu Reckeng am Mess-Café gewuer.

Organisation: natur&ëmwelt Sektioun Leideleng-Reckeng (www.naturemwelt.lu)
Kontakt: Malou Kohn & Lis Hilger, 691 67 60 50, kohnmalou@gmail.com

Den Naturschutzzenter Ellergronn invitéiert e Samschdeg um 3 Auer op en Nomëtteg an d'Grouf Katzebierg, Am Musée Mine Cockeril, an an der aler Schmëtt si Fossilien, Grouweluuchten, Geschier an aner Artefakten ausgestallt.
Organisation: Centre nature et forêt Ellergronn (www.emwelt.lu)
Kontakt: 24 75 65 16, ellergronn@anf.etat.lu

RTL

© pixabay

SONNDEG 14. AUGUST

De Krautwësch gëtt dëse Weekend gebonnen an e Sonndeg gitt der zu Ettelbréck méi gewuer, wat et mat dësem Brauch op sech huet. D'Natur&Ëmwelt Sektioun Nordstad organiséiert den Nomëtteg. Den Dag drop ginn dann och d'Streiss an der Kierch verdeelt.

Organisation: natur&ëmwelt Sektion Nordstad (www.naturemwelt-nordstad.lu)
Kontakt: Béatrice Casagranda, 621 65 04 70, comite@naturemwelt-nordstad.lu

D'Rackésmillen invitéiert e Sonndeg vun hallwer 10 u Moies op e Kniddelstrëppeltour, dat am Kader vun hirem Millefest wat um 10 Auer lass geet.
Organisation: Tourist Center Clervaux asbl (www.rackesmillen.lu)
Kontakt: 92 17 45 1, info@touristcenter.lu

An engem naturbeloossene Bësch wimmelt et iwwerall. Eng ideal Plaz fir Geschichten ze erzielen an der Fantasie Flilleken ze ginn. Den Erzielspadzéiergang dëse Sonndeg am Naturbësch Grouf zu Rëmersche gëtt zum Erliefnes fir d’ganz Famill. Eegene Picknick sollt der matbréngen. D'Aktivitéit ass net fir Poussetten gëeegent

Organisation: CNF Biodiverusm Camille Gira, zaubernoss a.s.b.l. (www.biodiversum.lu)
Kontakt: 24 75 65 31, biodiversum@anf.etat.lu

RTL

© pixabay