Haut geet et an der Summerwierder-Serie ëm Wierder, déi e puer Mol am LOD sinn, mee a verschiddene Bedeitungen oder Funktiounen. Wosst dir zum Beispill, datt d'Wuert "jo" net just de Géigendeel vun "nee" bedeit? Donieft huet d’Dr. Caroline Döhmer mam Marie Gales och iwwer de Schwäizer Kéis an aner Ofleedungen op -er geschwat.

10/08/2022 Summerwie(r)der: Nei Wierder am LOD

Haut mat de Wierder: amstand, matt, jo, Schwäizer.

A wann Iech och esou e Wuert an de Kapp kënnt a mengt, datt géif och an de Lëtzebuerger online Dictionnaire passen, da schreift hinnen op