Dës Kéier sti Lëtzebuerger Bräich an Traditiounen um Programm, déi et net nëmmen an den LOD, mee och op d’Lëscht vum immaterielle Kulturierwe vun der UNESCO gepackt hunn. Wéi schreiwen ech Sprangpressessioun? Wat huet e Wësch mat engem Dëppen ze dinn? Virwëlzeg? Ma da spëtzt elo Är Oueren! Den Armand Becker vum ZLS war beim Marie Gales am Studio.

12/08/2022 Summerwie(r)der: Nei Wierder am LOD

Haut mat de Wierder: Sprangpressessioun, Sprangpressioun, Krautwësch a Wësch.

A wann Iech och esou e Wuert an de Kapp kënnt a mengt, datt géif och an de Lëtzebuerger online Dictionnaire passen, da schreift hinnen op