D'Vergaangenheet erliewen an iwwert den Present reflektéieren -  de Projet "Landscapes" vermëscht Konscht an Natur op eng besonnesch Aart a Weis an entsprécht deemno ganz dem Thema vun Esch2022: "Remix yourself".

12/08/2022 Esch2022 - Landscapes

Tëscht Rëmeleng a Keel leit en besonneschen Trëppeltour, deen déi zwou Gemengen mateneen verbënnt. Op dësem Wee kënnen d'Visiteuren den Ament lenks a riets verschidden Konschtwierker entdecken. Dem Guy Assa no, soll de sougenannte "musée à ciel ouvert" den Awunner aus der Regioun, eng nei Perspektiv op de bekannte Wee ginn.

Allgemeng soll de Projet "Landscapes",  d'Geschicht vun der Géigend thematiséieren. Deemno géif en och gutt an de Kader vun der europäescher Kulturhaaptstad passen.

Fir dës Verännerungen ervirzehiewen, stellen wärend dräi Méint 9 Kënschtler aus der Regioun aus. Ënnert hinnen d'Lynn Theisen, d'Claudia Passeri an de Serge Ecker. Vu Skulpturen iwwer Installatioune - mat an an der Landschaft - bis hin zu Fotoen, et ass fir jiddereen eppes dobäi. Bei de Visites Guidée, gëtt den Tour nach méi interessant, et ginn nämlech och en Danzspektakel an e Concert opgefouert.

Ween dat ganzt eng Kéier materliewen well, deen kann sech fir eng vun den Visites Guidéen den 20. oder den 21.August umellen.