Sidd mol éierlech: War bei Ärer leschter technescher Kontroll vum Auto alles an der Rei? Gouf et villäicht eppes nozebesseren? Oder hat Dir eventuell Äre Warndräieck net dobäi? Dass Autosfuerer mat hire Gefierer beim CT zu Sandweiler oder soss wou duerchfalen, ass keng Seelenheet a geschitt pro Joer ronn 42.000 mol. Obwuel dat kee Weltënnergang ass wann et engem mol selwer geschitt, bedeit de Wee bei d’SNCT fir eng Rei Leit awer och vill Opreegung an Nervositéit. Dat muss awer net sinn a fir datt bei der nächster Kontroll alles glat leeft, huet de Bakir Demic beim Bob Manet, techneschen Direkter vun der Société Nationale de Contrôle Technique nogefrot, op wat een alles virun a wärend dem Kontroll oppasse sollt.

01/08/2022 Den Auto an der technescher Kontroll (Internet)

Den SNCT fënnt ee 5 mol am Land, dat zu Sandweiler, Esch-Uelzecht, Biissen, Maarnech a Léiweng. D’Aufgabe vun der Societéit beschreift de Bob Manet esou:

«D’SNCT bitt ausschliisslech technesch Kontroll u vun all Genre vu Gefierer hei zu Lëtzebuerg. Doriwwer hinaus schaffen och nach eis Inspektere mat insgesamt 50 Partnergaragen zesummen am sougenannte Contrôle externe, wou de Client bei senger gewinnter Garage kann eng technesch Kontroll duerchféiere loossen. Drëttens schafft d’SNCT och nach mat der Douane zesummen am sougenannte Contrôle routier, wou se dann op der Strooss ongeféier 1.500 Camionen d’Joer kontrolléiere mat eiser mobiller Kontrollstatioun.»

Soubal ee säi Rendez-Vous geholl huet, sollt een als nächst kucken, dass all noutwennege Pabeier do ass. 

«Zu de Pabeieren ziele ganz klassesch d’Gro Kaart. Dir musst eng eng gülteg Assurance dobäi hunn, d’Steiervignette, den ale Certificat vun der leschter Kontroll, wann en dann existéiert. Wat Dir nach braucht ass och den COC, also de Certificat de conformité. Och ëmmer nees wichteg ze soen, ass wann d’Leit hiren Auto ëmgebaut hunn, dass et och néideg ass do déi technesch Pabeiere matzebréngen an och déi Androungen, déi Dir dann op der groer Kaart musst hu vun der SNCA.»

Wat déi technesch Aspekter ugeet, recommandéiert de Bob Manet den Auto schonn am Virfeld zur Kontroll emol selwer ënner d’Lupp ze huelen.

«Dat ass ganz einfach, Dir gitt einfach eng Kéier ronderëm. Dir frot villäicht eng Persoun Iech ze hëllefen, fir d’Stoppluuchten, d’Pharen, d’Niwwelluuchten, d’Blinkeren a sou weider ze probéieren. D’Pneue mussen onbeschiedegt sinn. D’Wëschwaasser nofëllen an eng Kéier probéieren ob d’Wischere fonctionéieren. Wann Dir dat alles gemaach hutt da sinn d’Chancen och gutt, dass Dir och duerchkommt.»

An och eng Rei Géigestänn sollten am Auto mat dobäi sinn, wann een an den CT geet, mä awer och wann ee generell op der Rull ass.

«Dozou gehéieren natierlech de Warndräieck an déi giel Veste, déi muss am Auto leien. Natierlech och d’Gurten a sou weider. Dat sinn déi Sécherheetsgéigestänn, déi an der Kontroll kontrolléiert ginn. Et kann een och lo de Leit nach villäicht empfeele Sécherheetsveste fir all Passagéier matzeféieren och wann nëmmen eng kontrolléiert gëtt. Et muss eng Verbandskëscht am Auto sinn an et soll een am Wanter natierlech och kucken, dass een Äiskraatzer an Händschen dobäi huet a sou weider.»

Zanter annerhallwem Joer ass dann esou, dass een net méi selwer muss duerch d’Kontroll fueren, mä d’Personal dat fir een iwwerhëlt. An där Zäit an där den Auto ënnersicht gëtt, kann een also mat enger Taass Kaffi entspanen. Wéi de Bob Manet eis erkläert huet, gouf dëse Service virun allem wéinst der Pandemie-Situatioun agefouert a wéinst dem positive Feedback bäibehalen. Wien ëmmer nach wëll selwer duerch d’Kontroll fueren, däerf dat maachen, allerdéngs schätzt den SNCT-Direkter, dass ronn 95% vun de Cliente mëttlerweil drop verzicht. Kéint dat mat der berüchtegter Fosse ze dinn hunn?

«Et gëtt ëmmer mol sou gezielt, dass d’Leit effektiv déi berüümte Fosse da kritt hunn, dat berüümte Lach zu Sandweiler. Et ass Gottseidank ni engem e Leed geschitt, et ass ëmmer beim Blechschued bliwwen, mä effektiv ass dat mol virkomm. Et ass Panik, et ass een et net gewinnt an da si sou Saache geschitt. Ech mengen, dass et ongewinnt ass iwwert eppes ze fuere wou ee Lach dran ass an da gëtt aus Panik oder aus Onwëssenheet villäicht falsch reagéiert.»

Gutt also, dass een dat net méi selwer muss maachen. Wann een awer schonn net selwer an d’Kontroll fiert, sollt een awer op d’Mannst am viraus kucken, datt mam Auto alles an der Rei ass.