Gutt präparéiert an d'Vakanz a virun allem och nees gesond erëm kommen, dat ass dat Wichtegst. Leider ass et esou, dass ëmmer nees vill Accidenter am Waasser geschéien.

01/08/2022 Rettungsschwammen: wéi hëllefen ech engem beim erdrénken?

Tëscht engem a 25 Joer ass erdrénken déi heefegst Doudesursaach bei den Accidenter. Europawäit sinn dat am Joer 30.000 Leit.

De Roland Disiviscour, Chef vun der Waasserrettung hei zu Lëtzebuerg erkläert.

"Wann ech elo Däitschland huelen, do sinn der bal 300 déi pro Joer erdrénken. Mir hei zu Lëtzebuerg hunn d'Chance gehat, dass mer dëst Joer nach keen haten, mä dat wëll awer net heeschen, dass et net muer dozou ka kommen zu engem Accident, besonnesch wou d'Temperaturen sou héich sinn."

An dofir ass et ëmsou méi wichteg op säi Kierper ze lauschteren an éischt Unzeechen ze erkennen

"Zum Beispill wann et Iech ufänkt kal ze ginn, dass ass et héich Zäit fir erauszegoen. D'erdrénken ass net esou wéi et dobaussen ëmmer duergestallt gëtt, dass ee wénkt an ëm Hëllef jäizt, mä dat ass eppes wat ganz roueg viru sech geet. Wann ech ufänken a Schwieregkeeten ze kommen, da muss ech et fäerdeg bréngen meng Rou ze halen, sech op de Réck ze leeën an eventuell mat menger Ootmung sou ze spillen, dass ech am Fong geholl mat engem huele Réck sou vill wéi méiglech op der Uewerfläch bleiwen a mech da berouegen an da sou schnell a konzentréiert wéi méiglech un d'Uwänner schwammen."

Duerfir ass et dem Roland Disiviscour dann och net vu Muttwëll, wann een zu 2 an d'Waasser geet fir dass deen aneren am Fall vun engem Problem kann hëllefen.

Wichteg ze wëssen dann och nach:

"Wann d'Victime Hëllef brauch, ass een de Stréihallem un deem d'Victime sech drun unhält. An dee Moment dréckt een een ganz gär mat ënner Waasser sou dass ee selwer och dann a Schwieregkeete kënnt. Dofir soen ech ëmmer zu de Leit, si sollen deem Erdrénkenden eppes dohinner halen wou e sech kann unhalen. Vill Leit kennen nach déi Baywatch-Geschicht, do haten se sou eng rout Boje, et kann awer och sinn, dass een e Schwammreef hëlt oder einfach den T-Shirt oder e Bengel oder soss eppes deem dohinner hält, dass en sech dorunner ka festhalen. A dass een net vun der Victime geklammert gëtt an dee Moment mat ënner Waasser gezu gëtt."

An op kee Fall soll een an d'Waasser goen wann een Alkohol gedronk huet. Da kann déi nächst Vakanz um Waasser kommen.

E weidere Sujet iwwert d'Erdrénke fannt dir hei: