Net nëmmen mir sichen eis dëser Deeg nees eng kill Plaz am Schied. Och fir d'Déieren mussen et mat hirem décke Pelz dëse Summer e puer Grad ze vill sinn. Awer wéi weisen si dat, a wat kann een duergéingt maachen? D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut e Mippchen derbäi deen d'Temperaturen schlecht verdréit.

D´Wally war guer net gutt! Fir d´éischt huet déi al Dackelmadamm mam Friesse gelepst an hat e bësse Duerchfall. Dunn ass se richteg apathesch ginn an den Duerchfall carrement bluddeg a se huet sech och an engem Stéck missen iwwerginn. Hier Leit duechten, déi nei Noperen, déi sech scho ferm iwwert dem Wally säi Gebills opgereegt haten, hätten eppes Gëfteges iwwert de Gaardenzonk gehäit.

02-08-2022 Déierentipp - Romi Roth - den Dackel Walli an d'Hëtzt

Wat ee sech awer och e bësse virstelle kann, wann en Hond an engem Stéck billt an ee guer näischt duergéingt maache kann?

Tatsächlech ass esou en Dauergebills och guer net gutt fir den Hond selwer. Grad Dackelen an aner Niddreger kréien da gär d´Genéck an de Kapp wéi. Dobäi war d´Wally den Ament scho gutt zerwéiert. D´Sitteren, déi hatt fir d´Vakanz vu senge Leit versuergt haten, ware matten an der Mëtteshëtzt mat him trëppele gewiescht. Wann ee bedenkt, dass de Makadamm scho bei 30 Grad op 62 Grad Celsius un d´Kache kënnt, da kann ee sech gutt virstellen, wéi d´Geträips vun esou engem Déier gekacht gëtt, dat mat sengem Bauch keng 10 cm vum Buedem ewech ass. D'Wally hat nach Chance. No e puer Baxteren a Sprëtzen géint d'Entzündung, d'Verkeimung an d'Krämp war déi al Dackelmadamm erëm an der Rei.

02-08-2022 Déierentipp - Romi Roth - den Dackel Walli billt vill