Fir vill vun eis ass de Mindesthaltbarkeetsdatum op engem Produit Gesetz. Eng gëlle Reegel, déi eis viru Salmonellen an aner Liewensmëttelerkrankunge schützt. Ganz esou wouer ass dat awer net, an awer hale vill Leit den Halbarkeetsdatum fir déi wichtegst Info op enger Verpackung a geheien vill Iesswueren ewech wann den Datum ofgelaf ass. Och a Groussbritannien suergt dat fir massiv Liewensmëttelverschwendung, an do huet elo eng Supermarchés-Chaîne decidéiert, den Halbarkeetsdatum vu ronn 500 Produiten erofzehuelen. Wat ass dann elo mat deem Mindesthaltbarkeetsdatum, mir hu beim Patrick Hau, dem Kommissär fir Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet nogefrot.

03/08/2022 Haltbarkeetsdatum op Liewensmëttel

D’Mëssverständnes beim Mindesthaltbarkeetsdatum geet bei ville Leit scho bei der Definitioun lass. Dacks gëtt dëst nämlech mam Verfallsdatum gläichgesat, dobäi handelt et sech awer ëm zwou verschidden Informatiounen.
«Dat eent, dat ass de Verbrauchsdatum oder de Verfallsdatum. Dee fënnt een op mikrobiologesch, verdierfleche Wueren, also déi, déi sech net laang halen a muss an de Frigo setzen. Deen Datum erkennt een och dorunner, datt do steet, datt de Produit muss consomméiert sinn bis zu dem Datum.»

De Mindesthaltbarkeetsdatum, deen an der Reegel op net sou verdierfleche Produiten ze fannen ass, seet dogéint nëmmen aus, bis wéini ee Produit seng Vitaminnen oder säi Goût behält. Gëtt en no Oflaf vum Halbarkeetsdatum consomméiert, ass dat net weider geféierlech, e schmaacht just villäicht net méi sou gutt.
Wëll dat ville Leit awer net bewosst ass, ginn Tonnen u Produiten mat Mindesthaltbarkeetsdatum no Oflaf vun dësem wechgeheit. De Schratt vun der brittescher Supermarchés-Chaîne Waitrose, de Mindesthaltbarkeetsdatum vun enger Rei Produiten erofzehuelen, hält de Patrick Hau awer fir eng manner effektiv Moossnam géint d'Verbëtze vun Iesswueren.
«Ech perséinlech sinn der Meenung, datt dat villäicht souguer ka kontraproduktiv sinn. Stellt Iech lo mol an de Fall als Konsument: Dir hutt da Saachen doheem am Schaf stoen. Esouwuel Produiten, déi net verdierflech sinn, mä wësst Dir nach wéini Dir deen dote Pak Räis da kaf hutt? Wéi laang steet dee schonn do? Sinn dat Wochen? Méint? Joren? Menger Meenung no gëtt dat eng gewëssen Insécuritéit a villäicht schmäissen d’Leit da souguer Saachen ewech, déi se nach hätte kéinte consomméieren, einfach well se net wëssen: Wéi laang hunn ech dat doten da lo schonn?»

De Konsument iwwert déi ënnerschiddlech Typpe vun Datume besser opzeklären, wier dogéint eventuell eng méi wierksam Léisung.
«Ech mengen wat wichteg ass, dat ass dem Konsument z'erklären, datt et déi 2 Typpe vun Datume ginn, wat den Ënnerscheed ass a wéi een domadder ëmgeet. Mam Datum huet de Konsument de Choix, ouni den Datum huet de Konsument eng wichteg Informatioun net méi an dofir géing ech éischter dofir plädéieren, datt déi Informatioun bestoe bleift.»

D'Liewensmëttelverbëtzen ass net just e Probleem a Groussbritannien, mä weltwäit. Zu Lëtzebuerg, ginn dem Landwirtschaftsministère no ronn 42% vun de Liewensmëttel an de Stéit als Offall entsuergt, an der Liewensmëttelindustrie sinn et 39%. Wat gëtt dogéint gemaach? Nach emol de Patrick Hau.
«Do ginn et scho säit Joren Initiativen. Dat huet ugefaange mat gemengnëtzege Veräiner, déi da sech zum Zil gesat hunn, fir Liewensmëttel, déi net verkaf goufen an de Supermarchéen an no bei ee Mindesthaltbarkeetsdatum oder Verfallsdatum kommen, sichen ze goen, korrekt ze transportéieren an ze stockéieren a se dann zum Beispill Leit, déi bedierfteg sinn zur Verfügung ze stellen.»

Dësweidere soll de Konsument och mat Hëllef vu Smartphone-Apps iwwer Produiten a Supermarchéen informéiert ginn, déi no un den Oflaf vum Halbarkeetsdatum kommen an deementspriechend méi gënschteg ugebuede ginn. Schliisslech ka jidderee vun eis eppes géint Liewensmëttelverschwendung ënnerhuelen, andeems mir beim Akafe méi genee kucke wat mir alles brauchen an d’Liewensmëttel och sou stockéieren, dass se net fréizäiteg futti ginn.

Wie méi genee wësse wëll wéi eng Initiative géint Liewensmëttelverschwendung zu Lëtzebuerg alles existéieren, dee kann och d’Sitte vun