Eng rezent Etüd weist, dass mëttlerweil vill méi Leit Kazen doheem hu wéi Hënn. An de leschten zwanzeg Joren, huet d'Kaz den Hond däitlech iwwerholl a steet elo op der Nummer 1 vun de beléiftsten Hausdéiere weltwäit. Wéi ass d'Kaz iwwerhaapt an Europa komm, wéi hu mir Mënschen se zur Hauskaz gemaach an op wat musse Kaze-Besëtzer allgemeng oppassen? D'Anna Bertolo huet bei der Déierendoktesch Romi Roth nogefrot.

08/08/2022 Internationalen Dag vun der Kaz (Internet)

2004 gouf den éischte Beweis fir en Zesummeliewe vu Kaz a Mënsch entdeckt. Archeologen hunn an Zypern en alt Graf mat engem Mënsch a senger Kaz fonnt. Dëst Graf ass bal 10.000 Joer al a weist dorop hin, dass deemools scho Kazen als Hausdéieren gehale goufen. Wärend dem Réimesche Räich hu sech du Kazen am alen Ägypten ausgebreet a sinn mat Hëllef vu Schëffer, déi d'Mëttelmier iwwerquéiert hunn, an Nordeuropa gelant. De Mënsch huet séier säi Profit an der Kaz gesinn. Zemools Akerbau Aarbechter konnten duerch d'Kazen d'Mais vun hire Felder fort halen an hu probéiert se dunn zu hiren Hausdéieren ze maachen. Haut si Kazen un eis Mënsche gewinnt, an awer brauche se eis net fir ze iwwerliewen.

Mir hu mam Romi Roth geschwat, enger Déierendoktesch, déi sech mam Thema Kaze beschtefalls auskennt a weess, wéi een a verschidde Situatioune bei senger Kaz reagéieren soll.

Beim Hond mierkt ee meeschtens méi séier dass eppes net stëmmt, wéi bei senger Kaz.

"Dat leit dorun, dat d'Kaze penibel Situatioune vill besser geréiere kënne wéi d'Muppen an iwwregens och wéi mir Mënschen. Hiert Schnurren ass zum Beispill net just eng Manifestatioun vu Pleséier wa se geheemelt ginn oder sos eppes fir si Flottes geschitt. Et ass och eng Zort meditativ Hëllef fir wann eppes guer net ok fir si ass. Kazen déi sech de Pelz ausrappen, op eemol net méi propper sinn an/oder granzeg ginn hunn an aller Reegel ganz uerg wéi."

Kaze stamen zwar aus der Wüüst, mee si kënnen och séier iwwerhëtzen.

"Dofir soll ee méiglechst se iwwer Dag dobannen halen. Am Fong sinn se vu sech aus jo souwisou och éischter dämmerungsaktiv. Drun denken, dass virun allem wäiss Kazen dozou tendéieren e Sonnekriibs un hiren Ouerespëtzten, den Aelidder an hiren Nuesespigel ze maachen. Och dowéinst wier et besser se guer net an d'Sonn ze loossen wann et méiglech ass. Iwwer Dag sollt een se animéieren méi ze drénken. E Kléngen Zëmmersprangbuer mat liewegem Waasser ass do oft och eng ganz grouss Hëllef."

Och déi richteg Ernärung ass e relevant Thema. Et gi genuch Lëschten am Internet mat Saachen, déi Kazen op kee Fall iessen däerfen. D'Romi Roth erkläert.

"Villäicht am wichtegsten ass et drop hinzeweisen, dat d'Stuffentigeren Ennen, Poretten a Knuewelek esou mann verdroen, wéi Honn an iwwregens och ewéi d'Päerd. Schockela ass och fir si ee Gëft an vill Kazen verdroe net eng Fidderung déi nëmmen aus Drëchefudder, also Krocketten ass. Se stamen aus der Wüüst an hunn dowéinst e ganz anere Flëssegkeetshaushalt wéi d'Honn. Bei ze vill Dréchesubstanz, déi si mam Fudder matkréien fält dat als Kristaller am Pippi aus. Dat heescht, dat et fir d'éischt zou sougenanntem Harnsand kënnt, deen duerno zu Nieren- a Blosesteng zesummeklemmt a liewensgeféierlech Problemer maache kann."