D'lescht Joer war kee gutt Joer fir d'Imker, d'Beien haten e ganze Koup manner Hunneg produzéiert. Mir hu nogefrot ob dëst Joer e bessert ass.

03/08/2022 Wéi ass et dëst Joer mam Hunneg? - De Reportage vum Radio

Bei deem enge kënnt e scho moies op d'Schmier, bei deem aneren eréischt owes an den Téi. Hunneg feelt a bal kengem Haushalt. Ëmsou méi wichteg ass et, dass es ëmmer genuch do ass. D'lescht Joer war kee gutt Joer fir d'Beien an hir Produktioun. Dëst Joer duerfir awer ëmsou méi. De John Weis, President vun der Apis, huet erkläert dass zanter dem Fréijoer den Hunneg quasi nëmmen esou fléisst. Do schwätze mer scho vun Zenneren.

RTL

© Pixabay

Ee gutt Hunnegjoer ass, wann d'Beie gesond a staark aus dem Wanter kommen a wann d'Wieder matspillt wann alles an der Bléi ass. De Lëtzebuerger Beien an de Beieleit geet et par Rapport zu aneren europäesche Länner aussergewéinlech gutt, esou den Här Weis.

RTL

© Pixabay

Bei den aktuell héijen Temperaturen sinn och d'Beie frou wa se e bëssen frësch Loft kréien. Den Imker kann d'Stäck lëften. D'Hëtzt mécht hinnen an deem Fall net esou vill aus. Iwwregens: Iwwer en Teller mat Waasser am Gaart freeën sech net nëmmen d'Beien, mä och aner Insekten a Villercher.