Dës Woch ass et nees esou wäit, de Tower Power Trail zu Wäicherdang bei Klierf gëtt fir d’6. Kéier lancéiert. Mat engem immens breede Programm weess d’Course och dëst Joer nees ze iwwerzeegen. De Max Richartz huet d'Detailer fir den Tower Power Trail.

08/08/2022 Tower Power Trail zu Wäicherdang (Internet)

De Samschden, den 13. August geet am Norde vum Land den Tower Power Trail schonns a seng 6. Ronn. Organiséiert ass d’Course vun der “Spaass op der Piste a.s.b.l.” zesumme mat nach 5 weideren Asblen. Ma vu wou kënnt den Numm Tower Power Trail iwwerhaapt? Den Tom Greisch, ee vun den Organisateuren um RTL-Mikro:

“De Numm Tower Power Trail kënnt dovun, well mir laanscht 4 Tierm vun der Gemeng Clierf lafen an och well d’Stréck ganz usprochsvoll ass.”

Et ass deemno e bësse méi ustrengend, ewéi just mol kuerz duerch de Park ze joggen. Ma an trotzdeem dierft fir jiddwereen dësen Trail dach interessant sinn. Ugebuede gi ganz nei Strécken duerch dem Naturpark Our iwwert 21, 10 oder 5 Kilometer. Wien awer just trëppelen goe wëll, ka sech och fir de sougenannte “Walking” umellen. Fir déi méi jonk Leefer sinn och ganz vill Kannercoursen organiséiert. An d’Spectateure kommen och op hier Käschten.

“Och ronderëm dës Course gëtt ganz vill ugebueden, wéi zum Beispill d’Grillfest, eng Schampesbar an natierlech e Sprangschlass fir eis Klengsten. Dëst Evenement kann och mam Vëlossummer kombinéiert ginn. Mëttes mam Vëlo via Norde fueren, zum Beispill iwwer Klierf an duerno einfach bei eis op Wäicherdang eropkommen.”
Nieft den neie Strécke gëtt et dëst Joer awer nach e klengen Extra.

“Dëst Joer och um Programm ass de Lëtzebuerger Championnat op der kuerzer Distanz am Trail vun der FLA mat organiséiert.”

Et geet also och ëm eppes. D’Kannercourse starten um hallwer 4 zu Wäicherdang bei der Kierch an um 5 Auer gëtt et dann och fir déi Grouss eescht. 

Umellen kann een sech nach bis e Freiden den 12. August bis 10 Auer Owes um Internetsite