Den amerikanesche Kultregisseur Steven Spielberg hat e reegelrechten Dinosaurier-Boom ausgeléist, mat senge Jurassic-Filmer. Entretemps leeft dee 6. Film an eise Kinoen, nees mat groussem Succès. Och Dinosaurier-Entdeckunge léisen ëmmer nees Faszinatioun aus, wéi och elo eng Rezent a China. D'Anna Bertolo huet dës Geschicht ënnert d'Lupp geholl.

08/08/2022 Dinosaurier-Spueren hannert chineseschem Restaurant (Internet)

Viru ronn 250 Millioune Jore waren déi éischt Dinosaurier Här a Meeschter op eisem Planéit. Eréischt am 17. Joerhonnert goufen déi éischt Iwwerreschter vu Schanken a Spuere vun hinne fonnt. Déi neiste grouss Dino-Decouverte gouf et hannert engem chinesesche Restaurant a China.

Eigentlech wollt den Ou Hongtao just gemittlech eppes iesse goen. Ma am Haff vum Restaurant ass him dunn, wéi hien de Buedem méi genee inspizéiert huet, dach eppes Ongewéinleches opgefall. Déi agravéiert Formen hunn hien un Dinosaurier-Spueren erënnert. A well hie sech och fir Paläontologie, d'Wëssenschaft vun ausgestuerwene Planzen an Déieren, interesséiert, ass e stutzeg ginn.

Direkt huet hie seng Decouverte bei engem Professer fir Geowëssenschaften op enger Uni zu Peking gemellt; an dëse konnt du confirméieren, dass dat tatsächlech Spuere sinn, déi ongeféier 100 Millioune Joren al wieren. D'Ofdréck géifen zu zwee Sauropoden, enger riseger Dinosaurier-Zort gehéieren, déi bis zu 30 Meter laang a 70 Tonne schwéier konnte ginn. Dëst sinn déi Dinosaurier mam laangen Hals, déi engem direkt an de Kapp schéissen, wann een un Dinoen denkt. D'Sauropode waren a si bis haut déi gréissten Déieren, déi jee op eiser Äerd gelieft hunn.

De Professer vu Peking seet och nach, dass esou Entdeckungen immens rare wieren, well Dinosaurier-Spueren an deene meeschte Fäll vun Haiser iwwerbaut ginn an esou ni entdeckt kéinte ginn. Dass dës Spuere virdrun nach kee bemierkt huet, läit dodrunner, dass virum Restaurant eng Héngerfarm op dëser Plaz stoung. D'Spuere goufe déi ganzen Zäit vum Sand verstoppt.

A Spuere vun Dinosaurier goufen och schonn s zu Lëtzebuerg fonnt, ënnert anerem viru 5 Joer. An zwar vun engem Mieressaurier, dee viru ronn 180 Millioune Joren op eisem Gebitt muss gelieft hunn.