De ganze Summer léiere mir op RTL eng Rei Klimahelde kennen. Hirt Liewensmotto ass fir d'Welt e Stéck méi nohalteg ze maachen, wéi den Andrew Ferrone. Hien ass Klimatolog a Meteorolog bei der ASTA (Administration des services techniques de l'agriculture), wou hien de Chef de Service météorologique ass. D'Marie Gales mat engem klenge Portrait vum Klimaheld vun dëser Woch.

17/08/2022 Klimahelden: Andrew Ferrone Internet

Wéi wichteg d'Wieder ass a wéi vill d'Wieder eist d'Liewe beaflosst, mierkt een elo dëse Summer extra gutt. Och hei zu Lëtzebuerg ass et méi waarm an et ass immens dréchen an et gesäit net vill anescht fir d'Zukunft aus.

Mir hu gesinn iwwert déi lescht 60 Joren, sinn d'Dréchenten zu Lëtzebuerg massiv an d'Luucht gaangen, wärend mir an der Period 61-90 an der Moyenne just am Juni a Juli mat Dréchenten ze rechnen haten. Dat ass eng Tendenz, déi sech wäert fortsetzen, well se haaptsächlech un Temperature gebonnen ass, déi an d'Luucht ginn. An d'Temperature wäerten och an den nächsten 30 Joer an d'Luucht goen. Beschtefalls kéint een sinn, an 30 Joer wou sech d'Temperature stabiliséieren wann d'CO2-Emssiounen den Netto 0 erreeche an dat kann net virun 30 Joer net stattfannen.

Zanter 1907 sammele si bei der ASTA Meteosdonnéeën zu Lëtzebuerg, si kënnen esouguer bis an d'Joer 1838 op d'Temperaturesdonnéeën zréckgräifen an op déi vum Reen bis op 1858.

D'Zuele léien net, effektiv gesi mir, datt de Klimawandel zu Lëtzebuerg ukomm ass. De Weltklimarot huet och festgehalen, datt de Klimawandel Mënsche-gemaach ass.

Den Andrew Ferrone war als Member vu der Lëtzebuerger Delegatioun op der UN-Klimakonferenz zu Paräis derbäi a geet elo op déi nächst am November op Sharm el Sheik, op d'COP 27. An de Klimawandel wäert do och am Fokus stoen an wäert sech mat der Upassung vum Mënsch op dee Klimawandel konzentréieren.

An dat heescht, wat kënne mir maache fir eis un de Klimawandel ze adaptéieren. De Klimawandel ass do an et wäert och op mannst déi nächst 30 Joer weidergoen. Mir mussen eis weltwäit un de Klimawandel adaptéieren. Mä et ass awer och ganz kloer an dat kënnt aus de Rapporte vum Weltklimarot eraus, dass déi bescht Method ass fir sech un de Klimawandel unzepassen, ass datt de Klimawandel guer net stattfënnt, oder net esou vill. Et ass dofir wichteg, datt fir d'Zäregasen esou séier wéi méiglech erofsetzen, fir dass mir den Netto 0, dat heescht déi Emissiounen, déi bleiwen, déi musse kompenséiert ginn, esou séier wéi méiglech erreechen, idealerweis am Joer 2050 fir d'Globaltemperaturen op 1,5 Grad ze limitéieren.

Den Andrew Ferrone ass och Representant vu Lëtzebuerg am Weltklima-Rot IPCC am ass och President vum neie Gremium Observatoire de la politique climatique. Si maachen d'Consultance fir d'Regierung an hiren éischte Rapport ass fir Oktober geplangt. Dem studéierte Physiker mécht vill Kappzerbrieches, datt d'Urgence vu ville Probleemer, déi de Klimawandel mat sech bréngt, bei ville Leit nach net ukomm ass.

Mir gesinn, datt Mesure geholl goufen, déi effektiv sinn, mä et geet awer nach net duer fir op 1,5 Grad ze limitéieren. Am Moment si mir éischter do, datt mir dann op 3,2 Grad géife kommen, dat heescht et geet net duer. Dat ass eppes wat mir vill Kappzerbrieche mécht, fir d'Leit eben nach méi maachen. Jiddwereen doheem kann och méi maachen. Dat ass kloer, d'Mesure leien um Dësch, mä mir mussen se massiv asetzen.