Wien sech fir al Autoen interesséiert ass dëse Weekend zu Stengefort goldrichteg. Do feiert Vintage Cars & Bikes nämlech 2 Deeg laang hiren 10 Gebuertsdag.

06/08/2022 10. Editioun vum Vintage Cars and Bikes

Wie sech fir al Autoen interesséiert ass dëse Weekend zu Stengefort goldrichteg. Do feiert Vintage Cars & Bikes nämlech 2 Deeg laang hiren 10 Gebuertsdag.
No 2 Joer Paus freeë sech d’Organisateuren, datt dëst Joer d’Motoren zu Stengefort nees schnurre kënnen. Ma do ginn awer net just einfach Oldtimer op enger Wiss ausgestallt, mee nach villes méi, wéi den Guy Laroche, Präsident an Initiator vun Vintage Cars & Bikes eis um Mikro verroden huet.
"De Visiteur, deen heihinner kënnt, op dat elo ee Frënd oder een Enthusiast aus der Oldtimer Szen ass, erwaart hei selbstverständlech vun Ersatzdeeler bis iwwer Geschier fir ze schaffen esouguer Autoen vun alle Marken, déi hei ausgestallt wäerte sinn, wou och Autoe verkaaft ginn. Wou och gewise gëtt, wéi villäicht Restauratiounen kënne praktizéiert ginn. Mir hunn ganz vill national Geschäftsleit hei, déi an där Branche schaffen. Mir hunn awer och ganz vill Geschäftsstänn aus dem Ausland hei."

Ma fir den 10. Gebuertsdag och uerdentlech ze  feieren, huet een sech ee flotte Programm iwwerluecht:
"Mir hunn dëst Joer um Programm, Samschdeg Mëttes eng Slow-race-Show. Dat ass eppes wat mer nach ni haten. Dat ass vun der Lëtzebuerger „Anciennes Motos au Luxembourg“ organiséiert, wou ee Parcours vun 35 Meter ze fueren ass an deenejéinegen, deen am luesten dee Parcours fiert, déi 35 Meter bewältegt ouni de Fouss erof ze setzen, dee wäert dann do de Gewënner sinn"

Ausserdeem organiséiert d'AMAL, wéi zanter der éischter Editioun, Sonndes Moies nees den traditionelle Motostour. D’Manifestatioun ass de Moien um 9 Auer lass gaangen a geet nach bis e Sonndeg Owend um 6 Auer.
De Stengeforter Park suergt fir eng idyllesch Atmosphäre a fir Iessen an Gedrénks ass natierlech gesuergt. Ma och ëm den Transport gouf sech gekëmmert:
"Mir hunn 3 Park&Riden, dat ass een zu Klengbetten op der Gare, fir déi Leit déi wëlle mam Zuch kommen. Mir hunn een Oldtimer Doppeldecker Bus, deen hei de Parcours mécht. Mir hunn och e puer Navetten vun enger Busentreprise. Mir hunn ee Park&Ride hei uewen zu Stengefort a mir hunn nach zu Hoen eng riseg Wiss, wou d'Leit och kënnen dohin fueren, wou net mat enger Young- oder Oldtimer hi kommen."
Den Entrée ass gratis a weider Informatioune fannt der um Internetsite