Lëfte wier ideal fir der Hëtzt Meeschter ze ginn. Nohëllefe kann een do mam Ventilator, och nuets wann ee wéinst där décker Hëtzt net aschlofe kann oder schlecht schléift. Wat no engem erfrëschende Lifehack kléngt, ass awer am Fong keng terribel gutt Iddi. De Bakir Demic huet mol no Alternativen gekuckt.

05/08/2022 Ventilator (Internet)

Et ginn eng Rei Grënn fir de Ventilator an der Nuecht auszeloossen. Fir d'éischt wier do mol de Probleem vum Stëbs an de Pollen, déi duerch den Apparat opgewullt ginn. Wien Allergien, Asthma oder änlech Otemwee-Krankheeten huet, fir dee kann d’Iddi mam Ventilator doduerch séier no hanne lass goen. Och riskéiert ee sech ze erkalen. Dat, well d’Ventilators-Loft de Kierper ofkillt, d’Schläimhait ausdréchnen an de Kierper als Reaktioun dorop iwwerméisseg vill Schläim produzéiert. D’Resultat vun der Nuecht mam Ventilator ass eng zouen Nues, Houscht oder de Schnapp.

Och kënnen d’Muskele leiden, wann ee sech virun de Ventilator leet. Déi kal Loft kann dozou féieren, dass sech d’Nerven entzünden an doduerch Verspanungen a Muskelkrämp entstinn. Virun allem sollt een evitéieren, dass de Kapp- an Halsberäich vun der killer Loft getraff ginn.

Tjo, Ventilator aus, mä wéi kann ee sech dann elo hëllefe fir awer an der Hëtzt en A zouzemaachen? Do kéint een zum Beispill naasst Läinduch  virun d’Fënster ophänke fir agreabel Loftfiichtegkeet am Zëmmer ze hunn, déi fir Ofkillung suergt. Och fiicht Läppercher op verschiddene Kierperstelle kënnen heiansdo Wonner wierken.

Et hëlleft och op waarmen Deeg nëmme Moies an Owes ze lëften an den Dag iwwer d’Fënsteren zouzehalen. Och d’Rollluede sollten erof si fir ze verhënneren, dass d’Hëtzt an d’Wunneng andréngt.

Iwwregens plakeg schlofen, ass keng gutt Iddi. Wa mer nämlech am Bett schlofen a schweessen, gëtt eise Schweess vum Bettgezei opgesuckelt an d'Bett gëtt éischter fiicht. Besser ass et, een T-Shirt oder een Nuetshiem aus Kotteng unzedoen.

Wien allerdéngs net op elektronesch Hëllefsmëttel verzichte wëll, dee ka sech och ganz einfach eng Klimaanlag zouleeën. Virausgesat et wëll een e bëssi méi déif an de Portmonni gräifen. Awer och do verhënnere se virun Iech ze stellen, soss blitt Iech dat selwecht wéi mam Ventilator.