Ëmmer sinn mir um Handy, näischt wëlle mir verpassen. Do wier eng digital Entgëftung net vu Muttwëll.
Well eng Paus vum Handy a co ass wichteg a deet Kierper a Séil gutt.  D'Laura Lessyn probéiert dat elo mol ...

04/08/2022 Ech sinn da mol Offline (Internet)

Elo mol éierlech, wéi vill Zäit verbréngt Dir um Handy? Dat fir Emailen ze checken, fir Spiller a sech duerch Social media ze scrollen.
Fir nëmmen näischt ze verpassen! Mä op laang Dauer ass dat ongesond, fir Stonnen op dee klengen Ecran ze starren.
En digitalen Detox, also digital Entgëftung kann Wonner wierken, fir net Bezuch zum richtegen Liewen am hei an elo ze verléieren.
Frot Iech mol:  Wéini gräift dir zum Handy? Am Zuch? An enger Fëmmpaus? Wann iech langweileg ass?
Duerchbriecht dës Routine an setzt ären Handy op de Fligermodus.
Ugefaange mat enger Stonn den Dag, dann och mol e ganzen Dag an der Woch, och den Handy aus der Schlofkummer erausloossen.
Bleift dann och dobäi konsequent a sidd zu deenen Momenter net erreechbar. An d’Welt dréint sech trotzdeem weider.
Probéiert e gesonden Bezuch zu Laptop, Tablett, Netflix an Co opzebauen- an ärem Rhythmus.
Natierlech am Ufank ass et ongewinnt, well jiddwereen an ärem Ëmkrees ass jo och um Handy, also ass et dat zu enger Normalitéit ginn.
Mee wann een den Handy op d’Säit leet, kann ee sech vill besser op dat Wesentlech konzentréieren, et gëtt ee vill méi produktiv an et ass een och éischter fäerdeg.
Wann Dir zum Beispill am Zuch setzt, kuckt aus der Fënster a kritt d`Welt dobaussen mat. Och är Aen soen Merci fir mol eng Ofwiesslung ze hunn.
Wéi wär et mol Owes virum aschlofen en interessant Buch oder Zäitschrëften ze liesen? Net um Handy, mä Richteger, aus Pabeier.
Trefft iech méi mat äre Frënn amplaz ëmmer a Gruppenchatten mateneen ze kommunizéieren wéi op Snapchat,Whatsapp a Messanger.
Lenkt Iech mat engem Hobby of, eventuell en Hobby, dat Dir guer net kennt, well Dir den Handy ni aus dem Grapp leet.

 Konzentréiert iech méi op Iech selwer ouni den Handy, Ären Häerzschlag soll sech berouegen an och ären Bluttdrock erofgoen.

 

Probéiert et aus, schueden kann et näischt, wien weess, vläicht fannt Dir et duerno super: D`Liewen ouni Handy.