Dass verschidde Leit hire Knascht léiwer an der Natur entsuerge wéi an enger Poubelle, ass leider näischt Neies. Eidel Béchsen, Zigarettestëmp, Fläschen, Plastikstuten etc. All Zort vun Dreck kann een op de Wisen oder Bëscher uechter d’Land fannen. De Bryan Weis hat es domadder genuch an huet d’Initiative «LëtzBotz» an d’Liewe geruff, déi d’Leit reegelméisseg dozou oprifft, sech u gemeinsame Botzaktiounen ze bedeelegen oder op eng aner Fassong seng Ëmgéigend propper ze halen. De Bakir Demic huet sech mam Bryan Weis ënnerhalen, fir méi iwwert seng Initiativ erauszefannen.

05/08/2022 LëtzBotz (Internet)

Gegrënnt gouf de Grupp, deen op Facebook entretemps bal 700 Memberen huet, virun zwee Joer. De Bryan Weis wollt net méi nokucke wéi seng Ëmwelt am Knascht ënnergeet an dorop hiweise wéi vill Offall ee bei engem Spadséiergang duerch d’Natur fanne kann.

«LëtzBotz soll u sech heeschen: Looss eis botzen! Lëtzebuerg botzt! Mir sollen dem Knascht de Kampf uginn, dat heescht mir wëllen d’Leit domadder invitéieren d’Natur propper ze kréien, fir weiderhin dës kënnen ze genéissen an dës opbléie kënnen ze loossen, well all Knascht ze vill brauche mir net. D’Sandauer leeft. Wa mir sou weiderfueren an de Knascht leeft weider laanscht d’Strooss – ech mengen déi illegal Entsuergunge fuere weider – da wësse mer selwer, datt mer an den nächste Joren op enger Mülldeponie liewen. Wa mir op dee Punkt kommen da mécht et gläich keng Freed méi dobaussen an de Bësch kënnen ze goen a propper Loft z’ootmen an ze soen: Hei, dat ass eis schéin Lëtzebuerger Natur».

Net nëmmen dass Dreck an der Natur net schéin unzekucken ass: Fir Déieren zum Beispill kann et liewensgeféierlech ginn, wa si Knascht deen op enger Wiss oder soss wou läit, friessen. Verschidden Aarte vu Knascht wéi Metallstécker oder Zigarettestëmp, kënnen ausserdeem och Bëschbränn ausléisen. Firwat munch Leit esou wéineg Récksiicht op d’Natur huelen, weess de Bryan Weis och net sou genee. Méiglech sinn ënnert anerem awer folgend Grënn.

«Ech mengen Ignoranz ass immens grouss. D’Hemmschwelle falen. D’Educatioun ass net méi déi nämmlecht wéi viru puer Joer. Da kommen nach d’Probleemer mat den Tariffer vun de Recycling-Centeren. Den een oder anere weess jo scho wann en e Schaf op de SIDEC gefouert huet, do si munch Saachen, déi ginn deier entgéint geholl an d’Leit mussen deier bezuelen. Do maachen d’Leit et sech méi einfach mam Auto no hannert sech an de Bësch ze fueren an de Knascht ofzeliwweren».

Dass d’Leit keng Loscht hunn déi héich Präisser an de Recycling-Centeren ze bezuelen, weist sech zum Deel och an der Aart vu Knascht, déi de Bryan Weis scho mol beim Botzgang fonnt huet. Dës beschränkt sech nämlech net nëmmen op eidel Béchsen oder Zigarettestëmp.

«Et fënnt ee vu bis. Mir fannen net nëmmen d’Béchs oder sou, mir fannen awer och schonn Dreckstuten, déi gebündelt sinn laanscht d’Stroossen. Ënner anerem och Tute vu Chantieren, wou den Entrepreneur eng Tut fëllt mat Kabelreschter, déi dann den Hang erofgeheit ginn. Kleeder, Wallissen. D’Lescht hu mir nach e Computer mat Imprimante an alles aus dem Hang gezunn. Mir fanne vu bis. Et sinn déi ganz Tariffer an Entsuergungsfraisen, déi entstinn. Wann d’Leit géife Primmen kréien, fir dat richteg z’entsuergen, da géif dat vill besser goen».

Primme kréien de Bryan Weis a seng Kolleege vu LëtzBotz zwar net, mä dat ass och net hiert Zil. Hinne geet et ausschliisslech dorëms, hir Ëmwelt propper ze halen an esou vill Leit wéi méiglech dozou ze bréngen dat nämmlecht ze maachen.

Dëse Sonndeg ass LëtzBotz iwwregens op der Rommwiss unzetreffen. Uschléisse ka sech hinnen dobäi jiddereen. Oder awer et hëlt een d’Dreckstut a senger eegener Gemeng an de Grapp.