Wien dëst Joer wëll voll am Trend sinn, dierf net drop verzichten.

08/08/2022 D'Hawaiishiem ass zeréck- De Reportage vum Radio

D'Hawaii-Hiem ass grad dunn opkomm, ewéi et de Leit an den USA net gutt gaangen ass an d'Zukunft net roseg ausgesinn huet- am Géigesaz zu de Blummen um Hiem. Wärend der Wirtschaftskris sinn d'Amerikaner an de 1920er an 30er Joren gären a Gedanke op Hawaii geflücht, obwuel d'Dram-Insel deemools nach guer net zu Amerika gehéiert huet. Et heescht japanesch Néieschen hätte Kimono-Stoff mat zum Beispill Kiischtebléien op Hawaii bruecht an dorausser gouf spéiderhin d'Hawaii-Muster.

Deen éischten, deen d'Hawaii-Hiemer en Masse produzéiert huet, war den Ellery Chun Mëtt de 1930er Joren. Am Ufank war et wuel nach ëmstridden, mä et goung lues a lues biergop, ënnert anerem well amerikanesch Berüümtheeten, ewéi de Sänger Bing Crosby, sech och an d'Hiem geschmass hunn. Et wollt een als Mann weisen, dass ee sech net genéiert, och emol faarweg Kleeder unzedoen.  

RTL

© CBS

Du koum d'Attack op Pearl Harbor. Wéi d'Japaner ugegraff hunn, konnt kee Stoff méi hiergestallt ginn an dono goufen aus de japanesche och déi typesch hawaiianesch Musteren. D'Zaldoten, déi vun do zeréckkomm sinn, haten d'Hawaiishiemer un an esou war esouguer op eemol den US-President Truman op Fotoen am faarwegen Hiem ze gesinn. D'60er waren dat Joerzéngt fir dat ausgefalent Kleedungsstéck, du huet een esouguer den Elvis Presley an de Richard Nixon dra gesinn. Du koum eng Zäit an där d'Hiemer am Kleederschaf bloufen an och grouss Kleederbutteker a -Chaînen hu keng méi verkaaft.

An den 1980er a 1990er-Joren hu Film- a Tëleesproduktiounen fir hir Schauspiller nach gären op d'Hawaiishiem zeréckgegraff. De Leonardo Di Caprio ass e Beispill am 'Romeo and Juliet', oder den Tom Selleck als Detektiv an der Serie Magnum, P.I. An den 2000er hu Sportlabelen d'Hiem erëm opliewe gelooss, spéiderhin Luxusmarken um Catwalk. D'Kleedungsstéck mat de Blummen an den Hawaii-Motiver ass haut nach d'Markenzeeche vun engem däitsche Comedian, dem Jürgen von der Lippe.