Depressioune verbënnt ee meeschtens mat Wanter. Ma et soll se och am Summer ginn, do schwätzt een da vu Summerdepressiounen. Wat stécht derhannert, an wei genau erkennen ech se? D'Laura Lessyn huet nogesicht.

08/08/2022 Scho vu Summerdepressioun héieren? (Internet)

Sonn a waarm Temperaturen, do kann een dach nëmme frou sinn. Mat der Sonn kréie mir méi Stralen of an domadder gëtt eis Vitaminn D Produktioun stimuléiert.
Déi ass net just gutt fir eis Knachen, mä domadder wier een och besser drop. Dat ass net fir all Mënsch de Fall.
Hëtzt an ëmmer vill Sonn kann esou munchem op d’Gemitt schlofen, sou datt et esouguer zu enger Summer-Depressioun kéint kommen. Wéi e groe Schleier leet sech dës Verstëmmung iwwert déi sonneg Deeg.
Am Verglach zu enger Wanter-Depressioun ass dës elo net esou bekannt an och net esou verbreet. Allerdéngs wier et méi e Blues.
Am Wanter ass een down, well d`Sonn net genuch schéngt an et fréi däischter gëtt, dat erhéicht d’Produktioun vum Schlofhormon Melatonin, wat zu enger Depressioun feieren kann.

Am Fréijoer a Summer ass et genee ëmgedréint an et gëtt manner Melatonin vum Kierper produzéiert. Bei empfindleche Leit kann dat zu Onrou, Schlofprobleemer a Gereizt-si féieren.
Wat och zu der schlechter Laun ka bäidroen, ass deen Drock fir elo am Summer musse frou ze sinn, elo wou Vakanz ass a jiddereen sech dobaussen ophält. Dat gefält net jidderengem a ka genee de Contraire provozéieren.

Gëtt bei enger Wanterdepressioun vill Versteesdemech gewisen, ass et genee ëmgedréint bei der Summerdepressioun. Et fillt een sech net verstanen an et zitt ee sech dann nach méi zréck.
Hutt Dir selwer scho mol esou Symptomer iwwert e puer Summeren un Iech observéiert, da kéint Dir dës Summerdepressioun a Betruecht zéien.
Vill Beweegung an der frëscher Loft gëtt recommandéiert, dëst awer dann am beschten owes.
Et soll ee sech gesond ernären a sech elo net verkrauchen a sech virun allem net stresse loossen.
Wann näischt méi geet, dann och mol den Dokter ëm Rot froen.