Eis Ëmfro beschäftegt sech elo mat ''Whatsapp''. Sidd Dir och an deene Whatsapp-Gruppen? Mir ware mam Mikro eraus a wollten alles dozou vun Iech wëssen. 

10/08/2022 Emfro Whatsapp

Iwwregens wien elo eng Noriicht iwwert WhatsApp verschéckt huet, déi en awer elo bereit oder well se un de Falsche goung, deen ka sech elo scho méi laang mat enger Läschfunktioun aus der Affär zéien.

Elo bitt de Messenger d'Optioun, d'Whatsappen nodréiglech aus dem Chatverlaf ewech maachen. Den Empfänger gesäit zwar, datt am Chat eng News geläscht gouf awer net méi den Inhalt. D'Zäitfënster gouf elo verlängert. Soss war dat eng Stonn, elo kann een dat méi wéi 2 Deeg, prezis 2 Deeg an 12 Stonnen. Virdru waren et exakt eng Stonn, 8 Minutten a 16 Sekonnen.