Hëtzt, Luucht, Loft a Waasser brauch den Hobbygäertner fir dass déi Saachen déi en ugeplanzt huet och virukommen an een e schéint Resultat kritt. Awer wéi steet et mam Dünger? Wéi en Dünger ass gutt a wéi ee net, wéi een bréngt eppes a wéi een soll een léiwer aus dem Buedem erausloossen a wéi ass et mat der richteger Mooss. De Jeannot Lacour proposéiert fir unzefänken en Dünger deen net an d'Geld schléit. De Kompost.

06/08/2022 Gaardentipps

Dat ass en Dünger deen ee selwer kann produzéieren. E kascht näischt, dat ass mat Gaardenoffäll, oder och nach en Dünger wou ech och näischt derfir bezuelen muss, wann ech e Bauer an der Géigend hunn, fir e bësschen Mëscht ze kréien, fir Piff ze kréien, dat sinn zB Dünger, déi nennt een organesch Dünger, do ass eng Iwwerdüngung och quasi onméiglech well et ass nëmmen eng ganz kleng Quantitéit u Närstoffer an deenen Dünger dran.

06-08-2022 Gaardentipps - Jeannot Lacour - Kompost ass e gudden Dünger

Virsiichteg Hobbygäertner hunn jo ëmmer Angscht se kéinten eppes falsch maachen, wann et ëm d'Quantitéit geet. Bei Kompost a Mëscht brauch een also net ze fäerten z'iwwerdreiwen?

Hei ass et bal onméiglech. Et ass e flotte Produit well e kann de Buedem verbesseren. Mëscht vum Bauer kann een nieft dem Kompost och an de Buedem aschaffen, well et verbessert d'Biedem, wann ech steiwe leemege Buedem hunn, dann kann ech all Joer Kompost a Mëscht mat dran veraarbechten, zemol wann ech e Geméisgaart hunn. Et geet net vun haut op muer, de Buedem verbessert sech net iwwer Nuecht, awer et geet iwwer eng länger Zäit, iwwer Joren, an dann wäert een d'Resultat och gesinn.

06-08-2022 Gaardentipps - Jeannot Lacour - net iwwerdüngen