De Greg Dutra ass Wiederfräsch op der amerikanescher Tëlee bei ABC 7 Chicago. Wéi e moies eng nei Funktioun op senger Wiederkaart erausfënnt, ass de Greg Dutra déck begeeschtert!

Et kann een also an eng bestëmmt Regioun erazoomen oder d'Kaart kippen, wat net nëmmen beim Greg fir gutt Laun gesuergt huet, mä och bei senge Kolleegen. De Video ass viral gaangen.