Si droen eis duerch d'Welt, eist Liewe laang a si si vill méi wéi nëmmen d'Enn vun eise Been: eis Féiss. Dofir soll een op se oppassen well se halen eis am Gläichgewiicht. Den Ivo Silva huet bei engem d'Podolog nogefrot, wéi mir eis Féiss am beschte versuergen.

17/08/2022 - E gesonde Fouss (Internet)

Gesond Féiss sinn eng Grondviraussetzung fir en aktiivt a gesond Liewen. Statistiken no wäert jiddereen ënnert eis op mannst eemol a sengem Liewe mat de Féiss geplot sinn. Ma wéi mierkt een dann, datt een e Problem un de Féiss huet? D’Béryl Bayard-Doret vum Grupp Podologique de la Pétrusse erkläert :

"En général cela commence par des problèmes tendineux qui evoluent ensuite vers une atteinte articulaire comme par exemple de l'arthrose. Les douleurs de pieds peuvent mener à d'autres douleurs au niveau des genoux, des hanches et du dos ainsi qu'à une augmentation du risque de chute et une diminution des performances sportives."

Eng Feelstellung soll een also op kee Fall ënnerschätzen. Déi meescht Leit spieren a kompenséieren dat onbewosst, wat op laang Dauer zu grousse Probleemer ka feieren. En einfachen Trick, dee jidderee vun eis ka maachen, ass no der Dusch säin eegene Foussofdrock ze kontrolléieren. Wa se Iech asymmetresch virkommen, dann ass et de Moment e Podologe ze kontaktéieren. A Punkto Preventioun kéint een op säi Gang oppassen :

"Il existe une façon de marcher qu'on appelle la marche physilogique. En théorie on devrait tous marcher de cette manière là , c'est à dire quand on pose le talon on devrait d'abord poser l' extérieur du talon. Puis poser tout le poids du corps durant la phase d'appui avec une verticalisation du pied, puis propulser et pousser avec le gros orteille pour terminer la marche."

Natierlech huet all Mënsch säin individuelle Gang. Fir d’Muskelen a seng Féiss ze trainéieren, kann ee mat plakege Féiss op enger Wiss oder um Sand trëppelen. Wéi bei all anerem Training och soll en dat awer progressiv maachen. Buerféiss goen ass awer net fir jiddereen  :  

"Marcher pieds nus n'est pas du tout conseillé aux personnes diabétiques en raison du risque de lésion cutanée. Ils peuvent se blesser et ça peut engendrer beaucoup de complications pour eux."

Buerféiss ass och net gutt fir all Situatioun. An Zukunft wäerten mer also nach weider musse Schong undinn. A och do ginn et Viraussetzungen, un déi een sech hale soll fir dat optimaalt Schongwierk ze fannen. Nach emol d'Podologin Béryl Bayard-Doret:

"Il faut de préférence essayer les chaussures en fin de journée quand les pieds sont un petit peut gonflé.Il faut bien faire attention à la longeur mais également à la largeur. Il faut que la chaussure soit flexible au niveau des orteils mais rigide à l'arrière. Idéalemen il vaut mieux préférer les chaussures qui se ferment avec des lacets. Evitez les talons hauts, donc maximum trois pouces d'épaisseur et si on pratique du sport il faut choisir des chaussures qui sont adaptées spécifiquement pour tel et tel sport."

All Trend einfach blann nozegoen ass also net d’Léisung. Déi richteg Schong sinn do méi wichteg.