Fir déi eng ass et eng Traditioun, eng Kultur déi zanter 200 Joer besteet, fir déi aner ass et nëmmen brutal an eng Déierequälerei- de Stéierkampf. Bei dësem Thema ginn d'Meenungen awer nach auserneen. An trotzdeem fänkt Spuenien nees domadder un, Laura Lessyn. 

09/08/2022 A Mallorca ginn d'Stéierkämpf nees un

Zéngdausende Stéiere stierwen all Joers a Spuenien, also och op Mallorca. Mee net nëmmen an der Arena, mä och an den Übungs-Phasen fir d'Show, mussen dës Déieren e qualvollen Doud stierwen. Sou oder sou geet et fir de Stéier ëmmer schlecht aus, mä net nëmmen den Stéier leit ënnert dëse Kämpf, och Päerd ginn dacks hei liewensgeféierlech blesséiert, déi vum Stéier kënnen attackéiert ginn. Ganz rar léisst den Torero säi Liewe bei dëse Stéierkämpf.

2007 hat d`EU-Parlament eng schrëftlech Erklärung agereecht fir domadder opzehalen, mä leider waren net genuch Ënnerstëtzer am Parlament. Am November 2013 si d'Stéierkämpf ënner Schutz gestalt gi vum spuenesche Staat, well dëst zu hirer Kultur géif zielen. An dat obwuel Majoritéit vun de spueneschen Awunner net dofir war an nëmmen 14 Prozent dëst mat JO beäntwert hunn.

Och mir hu mat eisem RTL Mikro nogefrot, wéi d'Leit dann hei zu dësem Thema stinn:

09/08/2022 Emfro Stéierkampf

A Frankräich gëtt et dës Traditioun a 46 franséische Stied.  Do stierwen dës Déieren awer net ëmmer, do ginn e puer Stéiere fir e Kampf preparéiert an duerno an der Arena gehëtzt, sou laang bis Déier midd ass an ufänkt mat zidderen, da gëtt et getosch mat engem anere Stéier. Och a Portugal, Mexiko a Brasilien ginn et dës grausam Veranstaltungen, just e bëssi anescht. Bei enger „Novillada“ kämpft e jonken Stéier géint en alen Stéier, sou laang bis ee vun deenen zwee dout ass.
A Mexiko sinn se nach mäi krass, do gëtt e klenge jonke Stéier an Arena gesat an dierf vun de Spectateuren déidlech mam Messer attackéiert ginn.

Ëmmer nees setzen sech eng Rei Organisatiounen dofir an, datt domadder endlech Schluss ass, mä kommen domadder net weider. Schwiereg, wann esouguer Reesorganisateuren nach Ausflich ubidden, bei deenen een e Stéierkampf ka kucken goen.

An deem Kontext kéint ee mol d'Buch vum ''Ferdinand, der Stéier' liesen. 1936 hat den amerikaneschen Auteur Munro Leaf dëst erausginn. Dat handelt vun engem Stéier, dee léiwer Blumme richt amplaz an der Arena géint den Torero ze kämpfen.