Nodeems mir am 1. Deel iwwer d’haislech Gewalt gesinn hunn, datt jiddereen an eng Gewaltbezéiung ra rutsche kann a wéi eng Forme vu Gewalt et ginn, kucke mir haut op d’Gewaltspiral, op den Zyklus vun der Gewalt a wéi een doraus kënnt. D’Sandra Mélan huet beim VISAVI, enger Adress fir Fraen, déi Gewalt erliewen, nogefrot.

10/08/2022 Haislech Gewalt - Deel 2 (Internet)

An enger Gewaltbezéiung fänkt et lues a lues u mat der Gewalt. Wann et net bei der psychescher Gewalt bleift, kënnt dacks och déi physesch Gewalt dobäi. Déi gëtt an der Gewaltspiral awer och nach ënnerdeelt an déi géint Objeten an déi géint de Partner, Monique Lucas, Responsabel vum VISAVI.

«Et fänkt lues u mat psychescher Gewalt, oft nach léif ënner Guillemets verpaakt an dann ëmmer, ëmmer méi däitlech, ëmmer méi schlëmm, et hëllt zou. Et kënnt kierperlech Gewalt, vläicht och fir d’éischt Gewalt géint Objeten, oder sou, déi och Angscht afléissend ass, wann een d’Sachen doruechter geheit oder futti schléit, da géint Persounen, géint ee selwer a fir d’éischt vläicht e Stoussen, e Schloen, e Wiergen, och eng ganz schlëmm Form vu Gewalt, déi awer heefeg ass, e mat Waffe verletzen, bis hinn zum Homicide.»

Den Täter fänkt ebe lues mat der Gewalt un, fir d’Affer net direkt ze verjoen. Duerch d’Selbstbewosstsin dat ofhëlt, d’Ofhängegkeet an déi een duerch Manipulatioun geroden ass, ass ee wéi an enger Fal an et weess ee sech selwer net ze hëllefen, fir doraus eraus ze kommen. Aner Grënn firwat d’Affer méi laang wéi eng Persoun vu baussen brauch fir ze mierken, datt do eppes net stëmmt, sinn d’Tendenz am Ufank Aussoen als Kompliment opzehuelen a well een net déi néideg Distanz huet.

«Ech brauch dech, och dat ass eppes wat kann e schéint Gefill si gebraucht ze ginn an doduercher, dass de manipulative Partner dat seet, kritt en een och op deem Plang. Et wëll e gebraucht ginn, dass e schéint Gefill, datt e wichteg ass fir een an domadder jo rutscht een dann och doran an et kann een laang Zäit déi negativ Facette vun der Gewalt ausblenden, doduerch, dass een heiansdo dann eppes Positives kritt.»

Wann et engem da bis bewosst ginn ass, datt een an esou enger Gewaltbezéiung dran ass, dann ass Ënnerstëtzung vu baussen enorm wichteg. Et ass essentiell, datt ee vun der Famill oder Frënn gegleeft kritt och wann den Täter no baussen e ganz positiivt Bild vu sech vermëttelt.

«Et ass wichteg, dass ee sech Hëllef hëlt, dass e Leit fënnt, mat deenen een driwwer schwätze kann an déi engem gleewen, déi net engem seng Wahrnehmung, well oft ass déi jo, duerch déi psychesch Gewalt getrübt, dass een denkt, dat muss u mir leien, hien ass jo awer esou ee Léiwen, et ka jo net sinn. Esou dass een do wierklech och gegleeft kritt an Ënnerstëtzung kritt. Wann’s du dech net gutt spiers, dann ass do eppes drun. Mengen dat si ganz wichteg Messagen, net och du bass vläicht e bëssen empfindlech, dat sinn déi Saachen, déi net ënnerstëtzend sinn.»

Et kann ee sech och professionell Hëllef siche goen. Dëst kann een ënner anerem beim VISAVI vu Femmes en détresse maachen,Hëllef brauch déi betraffe Persoun och nach no der Trennung, wann och nëmme fir alles ze verschaffen a fir d’Selbstbewosstsinn ze stäerken. An engem anere Reportage gi mir och op Gewalt bei Männer an. Op www.violence.lu ass eng Lëscht mat Adressen fir Fraen, Männer respektiv Kanner, déi Gewalt erliewen.