Kaffistuten opgepasst, dat hei schwätzt Iech net an de Kromm. Wéi wier et moies mat enger Tiesschen Téi? Fir vill Kaffisfans onvirstellbar. Dass den Téi awer déi méi gesond Alternativ ass, wëssen déi meescht. Ma eng Etüde huet elo och rausfonnt, dass eng besonnesch Zort Téi souguer en nach méi positiven Effet weist wéi anerer. D’Anna Bertolo huet sech dat ugekuckt.

10/08/2022 A tea please! (Internet)

Wie reegelméisseg Téi drénkt, reduzéiert an der Reegel de Risiko fir Häerzproblemer ze kréien. Dëst huet en Experiment a China gewisen; bei dësem goufe méi wéi 100.000 Mënsche 7 Joer laang observéiert. Si goufen an zwou Gruppe gespléckt, emol an eng Grupp mat reegelméissegen Téi-Drénker an emol an eng Grupp mat Mënschen, déi net ëmmer Téi drénken. D’Resultat: Déi Mënschen, déi ëmmer nees Téi gedronk hunn, haten däitlech méi gesondheetlech Virdeeler. D’Warscheinlechkeet fir eng Häerzkrankheet ze kréien oder e Schlag ze maachen, war bei hinnen 20% méi kleng, wéi bei deenen aneren.

Téi ass net Téi, also ass et net egal wéi een Téi een drénkt. Besonnesch gesond soll de gréngen Téi sinn. Dësen ass voll mat Vitaminnen a déi wierke positiv op eise Stoffwiessel an ënnerstëtzen eist Immunsystem. Schwaarzen Téi dogéint ass net sou gesond; dat läit dodrunner, dass an de Blieder vum Téi zimmlech vill Koffein, och nach Teein genannt, dran ass, an dës Blieder zousätzlech oxidéiert ginn an esou vill gesond Inhaltsstoffer verléieren.

Wie senger Gesondheet eppes Guddes doe wëll, kann sech also e puer Tase gréngen Téi den Dag ausschëdden. Am beschten ongeféier eng hallef Stonn nom Iessen. Owes gëtt awer geroden e koffein-fräien Téi, wéi zum Beispill Kräidertéi ze drénken. Sensibel Leit kéinte soss net ukomme mat schlofen.