Bei Virstellungsgespréicher well ee sech natierlech vu senger beschter Säit weisen. Och wann een opgereegt ass, muss een e kille Kapp behalen. Business Insider Däitschland huet Tipps fir e gudden Androck op senger hoffentlech neier Aarbechtsplaz ze maachen. Marie Gales

10/08/2022 Tipps bei Virstellungsgespréicher INTERNET

1.    « Ech sinn immens motivéiert a schaffen selbststänneg. »
Dëse Saz ass wuel gutt gemengt, allerdéngs seet e guer näischt iwwer Iech selwer aus. Et ass besser seng Stäerkten mat engem perséinleche Beispill ze demonstréieren, dee weist, datt ee Responsabilitéit kann iwwerhuelen. Firwat net ee Projet nennen,  deen ee mat Succès geleet huet.

2.    « A 5 Joer gesinn ech mech op ärer Positioun »
Déi Ausso soll ee sech besser spueren, och wann Dir et gutt gemengt hutt an domadder weise wollt, wéi engagéiert Dir sidd. Probéiert éischter Virschléi ze proposéiere wéi Dir dem Betrib kënnt weider hëllefen. Domadder weist Dir dann och dass Dir net nëmmen un Iech selwer denkt, mee och un d’Firma a seng Mataarbechter.

3.    « Ech hat mäin aneren Chef net gär »
Ok, éierlech sinn ass schéin. Mä et sollt een net schlecht iwwert seng al Plaz schwätzen an och net säin ale Chef duerch de Kakao zéien. Schwätzt do léiwer iwwert Iech, wéi Dir Iech berufflech wëllt nei orientéieren.

4.    « Meng gréisst Schwächt ass , dass ech perfektionistesch sinn «
Net vun äre Schwächte schwätzen an dës Ausso anescht formuléieren. Schéi fir den neie Patron, datt Dir just eng Top-Leeschtung wëllt ofliwweren. Mä hei héiert een als éischt mol d’Wiertche Schwächt an da lauschtert de Patron net méi no, wat hannendru kënnt.

5.    « Kënnt Dir mir méi iwwert de Betrib erzielen?»
Nee, dat ëm Gottes wëllen net froen, sou weist Dir just, datt Dir Iech net informéiert hutt. Dir musst Iech Zäit huelen an Iech am Viraus iwwert den neie Patron an d’Firma informéieren. Well dee wäert sech och am Viraus informéieren, wat mat Iech alles ze dinn huet. Haut an Zäit vu Social Media, immens einfach. Denkt do och mol un är Presenz am Internet.

6.    « Wat sinn är Bonussen, wann een hei schafft?»
Natierlech ass et wichteg ze wësse wéi eng Virdeeler een op senger Futur-Aarbecht erwaart a wéi de Kontrakt kéint ausgesinn. Dat soll een awer am 1. Virstellungsgespréich net uschwätzen. Weist Iech do mol vun ärer Schockelassäit an de Rescht ergëtt sech dann.